De Wochenausbléck: Eng Hëtztwell steet un

Am August schénge sech déi héichsummerlech Temperature besser duerchzesetze wéi am Juli.

Zréck a Richtung summerlech Temperaturen

Nodeems d’Temperaturen an der leschter Woch op héichsummerlech Wäerter vu knapp iwwer 38 Grad geklomm sinn, ass et elo ufanks der neier Woch net grad esou waarm. Spéitstens vum Mëttwoch u ginn erëm groussflächeg summerlech Temperaturen areecht, ier d’Wäerter (Stand aktuell: 03.08.2020 – 03:04 Auer) an der zweeter Wochenhallschent rem op ëm 35 Grad an driwwer klamme kéinten.

Um Méinde starte mir mat enger Partie Wolleken an déi nei Wiederwoch eran, dobäi kann et och plazeweis mol zu liichte Nidderschléi kommen. Nennenswäert sinn d’Quantitéiten, déi dobäi zesummekomme kënnen, awer net an et wäert och net iwwerall naass ginn. Et ass mat Maximaltemperature vun 20 bis 24 Grad ze rechnen. Och um Dënschde si nach e puer Wolleken ënnerwee, d’Reewarscheinlechkeet ass awer nach e Stéck méi niddreg. D’Temperature klamme mat 20 bis 25 Grad e klengt Stéck méi wäit.

Vu Mëtt der Woch u gëtt et erëm hëtzeg (ECMWF – wxcharts.com)

Vu Mëtt der Woch u méi sonneg

Vu Mëtt der Woch u si manner Wolleken ënnerwee. Um Mëttwoch hu mir et den aktuelle Modellrechnunge no mat vill Sonn ze dinn, dobäi solle nëmmen e puer kleng an harmlos Wolleken duerchzéien. Et ass mat Maximaltemperature vu 26 bis 30 Grad ze rechnen, dat bei engem schwaachen Ostwand. Den Donneschde geet et mat vill Sonn a nëmmen e puer eenzelne Wolleke virun, dat bei Maximaltemperature vun 30 bis 33 Grad. Et gëtt also sou lues erëm verbreet héichsummerlech.

Am Fall wou sech d’Modellrechnunge confirméieren, hätte mir et um Freide bei Sonn pur mat extremen Héchsttemperature vun 32 bis 37 Grad ze dinn. Um Samsde kéimen zwar e puer Wolleken dobäi, mee dat géif d’Temperature net drun hënneren, op 22 bis 38 Grad ze klammen. Eng grouss Ännerung gëtt et um Sonnden och nach net, de Risk vun engem Wieder geet just e bëssen an d’Luucht. 31 bis 36 Grad stinn um Programm.