De Wochenausbléck: Eng Loftmassegrenz entscheet iwwert eise Reen

Nodeems mir e Samschdenowend den éischte Reen vum Mount kruten, kann elo duerch eng Loftmassegrenz nach esou munches dobäikommen – mee just, wann d’Positioun stëmmt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Wiederwoch hale sech iwwert dem Weste vum Kontinent/iwwert dem Atlantik haaptsächlech Déifdrockgebitter op, déi kill Loftmassen an eis Géigende lenken. Op der anerer Säit hu mir e grousst Héich iwwert dem Oste vum Kontinent, duerch deen waarm Loftmassen op de Kontinent bruecht ginn. Nach bis en Donneschden inclus hu mir et doduerch mat enger Loftmassegrenz ze dinn, déi sech vun der westlecher Hallschent vun Däitschland a Richtung Osten beweegt. Un dëser Grenz forméiere sech ëmmer erëm Nidderschléi, déi dofir suergen, dass sech d’Drécheperiod wéinstens e bësse leet.

D’Saach ass just weiderhin, dass et tëscht de Modeller gréisser Onsécherheete ginn. Déi eng berechnen, dass d’Loftmassegrenz westlech genuch verleeft, dass och mir zu Lëtzebuerg d’Woch mat nennenswäertem Reen kéinten hannert eis bréngen. Anerer dogéint gesinn de Gros vun de Nidderschléi knapp ëstlech vun eis, wat eis dann net esou vill géif bréngen. Och fir de Rescht vun der Woch ass et onbestänneg, d’Verdeelung vun de Nidderschléi ass awer och nach onsécher.

De Verlaf

Nom Mix aus Sonn a Wolleke vu gëschter erwaarden eis haut méi Wolleken, mee d’Sonn ass tëschenduerch trotzdeem mol nach dobäi. Et ass mat Schaueren ze rechnen, zumools tëscht der Mëttesstonn an dem Nomëtte kann och mol dat engt oder anert Donnerwieder net ausgeschloss ginn – mir sinn awer nach wäit ewech vun Intensitéiten, déi typescherweis am Héichsummer optrieden. Héchstens wier mol lokale Staarkreen dran.


Déi berechent akkumuléiert Reenzommen bis e Sonnden inclus laut europäeschem Wiedermodell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

E Mëttwoch leet sech dann, duerch déi ugeschwat Loftmassegrenz, e Reeband iwwert de Weste vun Däitschland. Stand elo soll en Deel dovun och den Oste vun eisem Land mat Reen beaflossen, iwwerdeems de Westen net all ze vill dovu matkriit. Eréischt an der Nuecht op en Donneschde kéint et dann iwwer gréisseren Deeler vum Land reenen. Fir en Donneschde selwer gëtt weidere Reen berechent, mee mat Ënnerbriechungen. De Weekend iwwer soll och ëmmer erëm Déifdrockafloss dotëschtfunken, eenzel Schauere sinn dran. Tëschenduerch ass d’Sonn awer och erëm mat dobäi.

Vun den Temperaturen hier beweege mir eis haut tëscht engem Maximum vu 15 bis 19 Grad, muer um Mëttwoch sinn et just nach 10 bis 13 Grad. De méi kille Modus setzt sech en Donneschde fort, do si nämlech just nach 7 bis 14 Grad dran. De Weekend iwwer schaffe mir eis, zwar mat Schwankungen, lues a lues erëm a Richtung 20 Grad.