De Wochenausbléck: Eng weider variabel Woch steet un

Eng weider éischter déifdrockdominant Wiederwoch steet an d’Haus. Och eis Temperature si weiderhin um Wee no ënnen.

Et gëtt a klenge Schrëtt méi kill

D’Schauerwahrscheinlechkeet huele mir och an déi nei Woch mat eran. Iwwerdeems schätzen d’Modeller et als zimmlech wahrscheinlech an, dass et och a klenge Schrëtt méi kill wäert ginn. Sollten se bei der selwechter Meenung bleiwen, da géif a Richtung Enn der Woch d’Wahrscheinlechkeet vu Frascht a glaate Stroosse rem an d’Luucht goen.

De Méinde starte mir rem mat ville Wolleken an och Schaueren an déi nei Woch eran. An de Moiesstonne leien d’Wäerter tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Nomëtte nëmme lues op hire Maximum vu 9 bis 13 Grad. De Wand ass rem spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 50 km/h aus Südwesten. An der Nuecht kënnen och nach eenzel Schaueren dobäi sinn, a Richtung Dënschdemoie falen d’Temperaturen op 9 bis 7 Grad. Um Dënschde sinn dagsiwwer weiderhi vill Wolleken ënnerwee, just mat vill Chance sinn och mol sonneg Momenter tëschenduerch méiglech. 8 bis 12 Grad ginn als Maximum areecht, de Wand bléist nëmme schwaach aus Süden. D’Nidderschléi huele lues a lues of.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt: Haaptsächlech dominéieren d’Déifdrockgebitter (GFS – wxcharts.com)

… an et bleift variabel

De Mëttwoch ass et aus aktueller Siicht gesinn de ganzen Dag bedeckt an et kënnt zu vereenzelte Schaueren. D’Temperature packen et am Laf vum Dag op 8 bis 11 Grad, de Wand ass liicht spierbar.

Den Détail fir déi nächst dräi Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

Och den Donneschde soll et mat ville Wolleke viru goen, eng Kalfront zitt iwwert eis ewech. D’Temperature packen et op 6 bis 10 Grad, an der Nuecht op de Freide fale se virun allem an den Däller op de Gefréierpunkt. Wa sech de Niwwel um Freiden opléist, si rem e puer sonneg Momenter dobäi. 6 bis 9 Grad gi nach areecht. Um Samsde wiessle sech aus aktueller Siicht gesi Sonn a Wolleken of, dat bei 6 bis 10 Grad. Um Sonnde gëtt et scho rem manner frëndlech.