De Wochenausbléck: Enn der Woch rem Fréijoerswieder méiglech

Mir beweegen eis de Moment duerch e richtegt Op an Of. Och wann et sech de Moment net sou dobaussen ufillt, wärten d’Temperaturen a Richtung Enn der Woch rem däitlech klammen.

Opwärtstrend a Siicht

Bis den Dënschde wärte mir nach méi kill Loftmassen iwwert eise Käpp hunn. Doduerch wärten d’Temperaturen am Dag gréisstendeels tësche 5 an 10 Grad leie, nëmme lokal liicht driwwer. An de Nuechten op den Dënschden an op de Mëttwoch wärten d’Temperaturen op ville Platzen op ëmt de Gefréierpunkt zréckgoen, wierklech wanterlech Konditioune sinn awer net ze erwaarden. Et ass liicht onbestänneg, soudass et um Méinden och zu ganz vereenzelte Schauere komme kann.

Vum Mëttwoch un gëtt den Héichdrockafloss rem e bësse méi stabil. Och wann d’Wollécke net ganz verschwanne wärten, wärt et am Allgemenge manner gro ginn wéi nach ufanks der Woch a reene sollt et och net méi. Dem aktuelle Stand no (24.03.2019 – 21:17 Auer) gëtt vermutt, dass d’Temperaturen Mëtt der Woch rem op bis zu 12 Grad klamme kënnen. Bis de Samsde sollen d’Werter Dag vir Dag e Stéck klammen, bis um Samsde selwer de viraussiichtleche Maximum mat iwwer 15 Grad, a fläit souguer bis em 18 Grad, kéint areecht ginn.

De Wocheverlaf aus 1500m Héicht (GFS, wxcharts.com)

Duerno: Grouss Onsëcherheete maache sech breet

Déi Zäit drop gëtt eng richteg komplizéiert. Um Sonnde soll eis scho rem e Réckgang erwaarden, dat duerch d’Afléisse vu neie, méi kille Loftmassen. Liicht Schauere wiere bei dem ganzen dann och méiglech.

D’Modeller hunn de Moment Problemer domat, déi iwwernächst Woch, also déi vum 1. Abrëll, anzeschätzen. Den amerikanesche Modell gesäit, dass et méiglecherweis op engem manner mëlle Niveau virugoe kéint – mat enger Optioun, déi eng Besserung erméigleche kéint. Heecht: Wann et gutt geet, wiere Werter vun em 20 Grad dran. Setzt sech déi manner mëll Variant duerch, da pendle sech d’Dageswerter tëschen 8 a 15 Grad an.

Den europäesche Modell ECMWF ass, waat déi méi mëll Temperaturen ugeet, net ganz sou optimistesch. Ufanks der éichter Abrëlls-Woch solle méi kill Loftmassen d’Wieder zu Lëtzebuerg dominéieren, wou d’Temperature bei em 10 Grad am Dag leie géifen, op ville Platze souguer drënner.

E richtege Fazit kann ee net zéien, mee vu Buedemfrascht an de Nuechten, niddregen Temperaturen am Dag bis hin zu fréijoersméissegem Wieder ass an der iwwernächster Woch alles méiglech. Météo Boulaide wärt Iech nach fréi genuch iwwert den tatsächleche Verlaf vum Laafenden haalen!

GEFS Ensemble – meteociel.fr