De Wochenausbléck: Erëm manner waarm, mee dofir net vill Reen

De “reeneregsten” Dag vun der Woch wier de Modeller no deen vun haut, allerdéngs gëtt et vu muer un erëm e gudden Tick méi kill. E Comeback vun de summerlechen Temperaturen ass awer trotzdeem méiglech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nodeems déi méi instabil Loft, déi eis haut punktuell mol e méi kräftege Schluet brénge kéint, vun den Owend un a Richtung Osten ewechgeraumt gëtt, mécht sech lues a lues héije Loftdrock bei eis breet. Dësen héije Loftdrock soll op d’mannst bis e Freide bei eis bleiwen, ier d’Meenunge vun de Modeller awer e bëssen ausernee ginn. Et ass och genee dës Verdeelung vun den Drockgebitter, déi eis dann och e Réckgang vun den Temperature mat sech bréngt: et gi méi kill Loftmassen aus dem Norden ugezaapt.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden dem europäesche Modell no | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut e Méinden ass et liicht wollekeg bis plazeweis awer och méi dréif duerch Niwwelfelder an den Dag eragaangen. De Mëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 25 Grad ze rechnen, et ass zimmlech schmeier. Bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend era besteet de Risk vu puntkuell begrenzte Schaueren an Donnerwieder, déi och mol méi kräfteg ausfale kënnen. Den Détail dozou fannt Dir am Donnerwieder-Outlook. Et ass op alle Fall keng groussflächeg Situatioun.

Muer en Dënschde stellt sech e Mix aus Sonn a Wolleken an, an domat och déi zimmlech dréche Phas. D’Temperature solle muer op e Maximum vun tëscht 14 a 19 Grad klammen, e Mëttwoch géif mat 14 bis 18 Grad zimmlech änlech ausgesinn. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift meeschtens dréchen. Um fréie Moie kann et plazeweis mat ëm 3 Grad erëm e bësse méi frësch sinn. Fir den Donneschde besteet bis an de fréie Mëtten eran eng minimal Warscheinlechkeet vun enger schwaacher Schauer, duerno kënnt sech d’Sonn erëm weisen iwwerdeems Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad erreecht ginn.

Duerno gëtt et méi kniffleg: Den europäesche Wiedermodell gesäit zwar, dass d’Temperature vum Freiden u sollten erëm no a no klammen. Fir e Freide selwer si 15 bis 19 Grad dran, e Samsde 17 bis 22 Grad an e Sonnde punktuell bis 23 Grad. Den amerikanesche Modell ass do awer nach anerer Meenung a gesäit d’Temperature net mol op 20 Grad klamme, mee éischter op tëscht 14 a 17 Grad. Méi markant wier den Ënnerscheed fir e Méinden, 29. Mee: Den europäesche Modell rechent 26 Grad, den amerikaneschen 9 bis 12 Grad – et gëtt also nach spannend. Vill Reen sollt awer, wéi gesot, net involvéiert sinn.