De Wochenausbléck: Erëm méi Héichdrock a méi waarm

De variable Wiedercharakter hale mir bäi – an dozou gehéiert och, dass mir elo erëm méi ënner Héichdrockafloss geroden.

Grousswiederlag

De Moment leie mir ëmmer nach tëscht engem groussen Héich, wat mat sengem Kär iwwert de britteschen Insele läit an engem Déif, wat iwwer Polen an Tschechien seng Plaz fonnt huet. Doduerch starte mir och nach e bësse méi variabel an déi nei Woch eran, ier et awer besser gëtt. Ugoe wäert dat um Dënschden, well sech vun do un den Héichdrockafloss vun de britteschen Inselen hier iwwer Mëtteleuropa bis wäit an de Südoste vum Kontinent erstrecke kann. Esou erwaart eis erëm eng méi frëndlech an dréche Phas.


Am Laf vun der Woch mécht sech erëm kuerz héije Loftdrock bei eis breet, wouduerch et och bësse méi waarm gëtt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Mir starten haut um Méinde nach, wéi gesot, mat bësse méi variablem Wieder an déi nei Woch eran. Virun allem bis an de Nomëtten era sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, duerch déi et lokal begrenzt zu Schauere komme kann. Et kënnt awer och schonn e bësse méi warscheinlech zu sonnege Momenter wéi an de leschten Deeg, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 17 an 23 Grad. Um Dënschde wiessle sech Sonn a Wolleken of, d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer ass just nach minimal – et bleift also meeschtens dréchen. D’Temperature packen et op 17 bis 23 Grad. De Mëttwoch gëtt et nach e Stéck méi frëndlech bei 17 bis 22 Grad, d’Wolleke si nach manner déck a mir mierken, wéi d’Sonn ëmmer méi un Iwwerhand gewënnt.

Um Donneschde solle mir den aktuelle Kaarte no dann gréisstendeels ënner Héichdrockafloss leien, wouduerch sech d’Sonn quasi de ganzen Dag weise kann. D’Temperature spillen och mat a pendle sech tëscht 20 a 24 Grad an, de Wand bléist schwaach aus Osten. Um Freide bleift et genee esou frëndlech, 21 bis 26 Grad sinnze erwaarden. Vum Samsden u soll et schonn erëm lues ufänken, méi wollekeg ze ginn – vum Atlantik hier probéiert schonn erëm déiwe Loftdrock an eis Richtung duerchzebriechen. Aus aktueller Siicht gesinn bleift et do awer nach meeschtens dréchen, dat bei 21 bis 26 Grad. Um Sonnde soll dann eng Front eragezu kommen, dat mat Reen. D’Temperature packen et nach op 21 bis 24 Grad.