De Wochenausbléck: Et geet mat rouegem Wanterwieder virun

Och an der neier Wiederwoch hu mir et nach mat de polare Loftmassen ze dinn. Wéi an de leschte Woche vun 2020 gesot, ass de Wanter hei fir ze bleiwen… elo mol nach.

Grousswiederlag

Bis de Mëttwoch leie mir tëscht Déifdrockafloss iwwer Polen bis erof an d’Alpen & héijem Loftdrock westlech vun de britteschen Inselen. Doduerch ginn eis ëmmer nach kill a polar Loftmassen aus dem héije Norden zougespillt, wat de Wanter zu Lëtzebuerg bleiwe léisst. All ze grouss Nidderschlagsquantitéiten, déi theoretesch als Schnéi erofkomme kéinten, sollt et awer net méi ginn – mee do kënnt et ëmmer erëm zu gréissere Schwankungen. An der zweeter Wochenhallschent kéint dann en Déif, wat vu Portugal hier a Richtung Frankräich gezu kënnt, d’Haaptroll iwwerhuelen. Sou wéi d’Modeller et de Moment gesinn kann et duerch dëst Déif a Richtung Weekend op mannst mol kuerzzäiteg méi mëll ginn.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De viraussiichtleche Verlaf

De Méinde starte mir mat ville Wolleken an déi nei Woch eran. No Fréitemperature vun tëscht -2 an 2 Grad ginn dagsiwwer 0 bis 4 Grad areecht. De Wand bléist an de Spëtzten zäitweis spierbar aus Ost-Nordosten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Duerch déi vill Wolleken ass zäitweis mat schwaache Nidderschléi a Form vu Schnéireen a Schnéi ze rechnen, d’Temperature packen et op e Maximum vu 0 bis 4 Grad. Och um Dënschde bleift et déi meescht Zäit gro, ëmmer erëm sinn, genee wéi um Méinden, schwaach Nidderschléi a Form vu Schnéireen oder Schnéi méiglech. Den Thermometer klëmmt net iwwer -1 bis 3 Grad. Um Mëttwoch erwaart eis bei -1 bis 3 Grad keng gréisser Ännerung, besonnesch um Owend soll et erëm kënnen zu schwaache Nidderschléi kommen.

Duerno weiderhin oft wollekeg

An der zweeter Wochenhallschent bleift et gréisstendeels wollekeg, mee et sollt méi dréche bleiwen. D’Temperature packen et den Donneschden op -1 bis 2 Grad, genee wéi och um Freiden. Déi zwee Deeg si bal identesch, eng kleng Ännerung gëtt et eréischt um Samsden erëm. -1 bis 2 Grad ginn areecht, eenzel Schnéischauere si méiglech. Um Sonnden ass dann erëm e gréissere Kontrast net auszeschléissen, do soll sech d’Sonn mol erëm besser kënnen duerchsetzen. D’Temperature klammen op 0 bis 3 Grad.