De Wochenausbléck: Et geet variabel virun, keng gréisser Changementer

Och elo an der neier Woch kréie mir et oft mat eenzelne Schaueren ze dinn, dotëscht ass och den een oder anere sonnege Moment ze erwaarden. D’Temperature weise sech och gréisstendeels onverännert.

Grousswiederlag

D’Grousswiederlag ass ëmmer nach déi selwecht wéi d’lescht Woch. Duerch héije Loftdrock iwwert dem Süde vum Kontinent (Mëttelmierraum) a gréisstendeels déiwe Loftdrock iwwert dem Norde vun Europa leie mir ënnert enger variabler westlecher Stréimung. Dës westlech Stréimung suergt dofir, dass ëmmer erëm Frontesystemer an Déifdrockgebitter an eis Géigende virrécke kënnen an doduerch fir dat onbestännegt Wieder suergen. Déi aktuell Modeller rechnen awer, op mannst aus aktueller Siicht gesinn domat, dass sech um Donneschden an och um Freide liichten Héichdrockafloss duerchdrécke kéint.

De Verlaf

Mir starten de Méinde ganz änlech, wéi de Sonnde vun der vergaangener Woch op en Enn gaangen ass. Et zéien haaptsächlech méi déck Wolleken duerch, woubäi sech dotëscht awer och mol d’Sonn kuerz weise komme kann. Dotëscht ass ëmmer erëm mat eenzelne Schaueren ze rechnen, et besteet och erëm de Risk vun engem lokalen Donnerwieder. D’Temperature packen et op 12 bis 16 Grad, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 55 km/h ënnerwee. Den Dënschde geet bal genee esou virun, d’Temperature klammen op 11 bis 15 Grad. Dotëscht weist sech d’Sonn erëm heiansdo, iwwerdeems d’Wolleken awer d’Iwwerhand hunn. Et besteet erëm e klengen Donnerwiederrisk. De Mëttwoch geet dëse klengen Donnerwiederrisk weider zréck, wann et reent da sinn et meeschtens normal Schaueren. Um fréie Mëttwoch trëtt de Reen nach méi groussflächeg op, ier et sech vum Nomëtten u just nach ëm eenzel Schaueren handle soll. 11 bis 15 Grad ginn areecht.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et aus aktueller Siicht gesinn tendenziell bësse manner oft naass. Um Donneschde si Maximaltemperature vun tëscht 13 a 17 Grad ze erwaarden, heiansdo ass dotëscht nach eng eenzel Schauer dran. Besonnesch a Richtung Nomëtte sollt et awer meeschtens dréche bleiwe, well de virdrun ugedeite liichten Héichdrockafloss Wierkung weise sollt. De Freide soll dann ee méi frëndlechen Dag ginn, dat bei engem Mix aus Sonn a Wolleken. 12 bis 16 Grad sinn dran, dobäi awer och ee spierbare Wand. Um Samsde geet et mat rouegem Wieder virun, Sonn a Wolleke wiessle sech bei 11 bis 16 Grad of. De Sonnden zéie vill Wolleken duerch, mee och do weist sech d’Sonn mol dotëscht. Eng eenzel Schauer ass bei 12 bis 16 Grad net ausgeschloss.