De Wochenausbléck: Et gëtt just a klenge Schrëtt méi waarm

An der neier Wiederwoch kritt sech erëm den héije Loftdrock bei eis breetgemaach. Eis Temperature bleiwen awer ëmmer nach an engem méi oder manner onverännerte Beräich.

D’Grousswiederlag

De Weekend war ee naassen, zumools de Sonnden. Et louch eng Loftmassegrenz iwwert eis, déi mat engem Déifdrockgebitt mat sengem Kär iwwer Dänemark zesummenhung. Dëst Déifdrockgebitt huet sech an Tëschenzäit méi wäit an de Nordoste verzunn, d’Loftmassegrenz huet sech séier a Richtung Oste vun Däitschland viruverlagert. Hannendrun notzt elo en Héichdrockgebitt seng Chance a wäert vum Atlantik hier op Mëtteleuropa an domat och Lëtzebuerg iwwergräifen. Wat d’Nidderschléi ugeet gëtt et also manner oft naass, de Wiedercharakter gëtt also méi roueg. Geréngfügeg Nidderschléi wéi Niwwelfelder bleiwen awer weiderhi méiglech.


De Wocheverlaf vun uewe gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Méinde starte mir nach mat engem méi wollekegen Dag an déi nei Woch eran, besonnesch am fréie Nomëtte kënnen eenzel schwaach Nidderschléi net ausgeschloss ginn. D’Temperature packen et op 5 bis 9 Grad, dat nodeems et an de fréie Moiesstonne nach zu niddrëgen Temperaturen am Beräich vum Gefréierpunkt komm ass. Et si glat Stroosse méiglech. Den Dënschden ass et am Ufank méi liicht wollekeg, ier et am weidere Laf vum Dag méi wollekeg gëtt. Trotzdeem ka sech dotëscht mol d’Sonn weise kommen, dat bei 6 bis 11 Grad. An de Moiesstonnen an och erëm an der Nuecht op de Mëttwoch ass mat liichtem Frascht a lokal glate Stroossen ze rechnen. Et bleift meeschtens dréchen. Um Mëttwoch kréie mir eng quasi-Widderhuelung vum Dënschden, just dass et nach méi warscheinlech dréche bleift. D’Temperature klammen op ee Maximum vu 7 bis 10 Grad.

Um Donneschde sinn erëm vill Wolleken ënnerwee, bis op liichte Nidderschlag duerch Niwwel (Fisemreen) sollt et awer dréche bleiwen. D’Temperature packen et op 7 bis 11 Grad, nodeems se an de Moiesstonnen tëscht -2 an 1 Grad ënnerwee waren. Um Freide bleift et viraussiichtlech gréisstendeels bedeckt mee dréchen, dat bei 9 bis 12 Grad. Um Samsde wiessle sech Sonn a Wolleken of, dat bei 11 bis 16 Grad. De Sonnde kéint sech de Niwwel bësse méi laang halen, dat bei 11 bis 15 Grad.