De Wochenausbléck: Et gëtt liicht méi kill, Nidderschléi ofhuelend

An der neier Woch probéiert sech erëm héije Loftdrock besser duerchzesetzen, wat awer net bedeit, dass et och méi waarm zu Lëtzebuerg gëtt.

Grousswiederlag

D’Woch iwwer installéiert sech en Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen. Um Méinde si wuel nach heiansdo Schaueren iwwert der Groussregioun ze erwaarden, mee duerch dësen Héichdrockafloss gëtt et an den Deeg drop däitlech manner oft naass. Trotz dem héije Loftdrock gëtt et awer net méi waarm: mir hu nämlech nach en Déif iwwert der Ostséi. Well en Déif géint den Auersënn dréint an en Héich mam Auersënn, gi net déi waarm Loftmassen aus dem Süden ugezaapt, mee méi déi aus dem héije Norden – Resultat: et gëtt méi kill.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Méinde leie mir nach ënner liichtem Afloss vun engem Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem ëstlechen Däitschland läit. Doduerch si nach e puer méi déck Wolleken ënnerwee, déi eis zäitweis e puer Schauere brénge kënnen. D’Temperature packen et op 18 bis 23 Grad. Um Dënschden ännert sech dat e bëssen, do gewënnt d’Héichdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen d’Dominanz iwwer eist Wieder. Soubal de Niwwel aus de Moiesstonne fort ass, kënnt sech d’Sonn weisen a bleift de ganzen Dag lang. D’Temperature klammen op 18 bis 23 Grad. Um Mëttwoch kommen e puer Wolleken dobäi, mee bei 18 bis 22 Grad gëtt et ganz änlech wéi um Dënschden. An der Nuecht op den Donneschde kënnt et viraussiichtlech zu eenzelne Niwwelfelder mat der Warscheinlechkeet vu Fisemreen.

An der zweeter Wochenhallschent leie mir genee tëscht dem Héich iwwert de britteschen Inselen an engem neien Déifdrockgebitt, wat vun der Ostséi hier a Richtung Polen an Tschechien gezu kënnt. Doduerch gëtt et vum Mëttwoch un erëm bësse méi onbestänneg. Um Donneschde selwer wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of, bei 14 bis 19 Grad sollt et awer nach gréisstendeels dréche bleiwen. Um Freide ginn d’Wolleken e bësse méi kompakt, bei 15 bis 19 Grad si ganz lokal mol Schauere net onméiglech. Um Samsden ass d’Warscheinlechkeet dovun dann schonn erëm e Stéck méi héich, dat bei 16 bis 20 Grad. Um Sonnde si vill Wolleken ënnerwee, woubäi et awer trotzdeem dréche bleiwe sollt. 16 bis 20 Grad.