De Wochenausbléck: Et gëtt méi roueg a net méi grad esou naass

Mir kommen zwar net ganz ouni Reen doduerch, mee et ass definitiv manner wéi d’lescht Woch.

Advertisement

Mir haten Abrëllswieder de Weekend

Duerch déi ugekënnegt kill Loftmassen, déi mir an de méi héije Loftschichten hänken haten, hate sech ëmmer de Weekend iwwer erëm Schauere forméiert. Doduerch hate mir dann e Mix aus Sonn, Wolleken, Flacken, Knëppelsteng a net wäit fort koum et esouguer zu Blëtzentluedungen – also wierklech wéi wa mir schonn Abrëllswieder hätten. Zumools op de Koppen ass et esouguer zäitweis dofir duergaangen, dass et e bësse wäiss ginn ass – a wéi mir dat a leschter Zäit ausféierlech thematiséiert haten, war dat awer just e Mix aus villem a kee bestännege Comeback vum Wanter.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

D’Temperature waren e Freide bei 5 bis 10 Grad ënnerwee, e Samsden tëscht 3 an 8 a gëschter tëscht 6 an 11 Grad. An de Nuechte louche mir och gréisstendeels knapp iwwert dem Gefréierpunkt, mee et däerf een ebe net déi kal Loftmassen an de méi héije Loftschichten ënnerschätzen, déi jo de Weekend fir den deels wanterleche Nidderschlag gesuergt haten.

Steet eis dann elo endlech e Changement un?

Et hänkt dovun wat fir e Changement vun deenen zwee – dass d’Temperature solle klammen oder awer och dass et generell méi sonneg gëtt? Wat ee schonn emol soe kann: Jo, dës Woch leie mir ëmmer nach ënner Déifdrockafloss – an awer: den héije Loftdrock wëll sech awer net esou richteg aus der Geschicht eraushalen, an dowéinst hu mir et, ofgesinn elo vun der éischter Dageshallschent vun haut, bis Mëtt der Woch mat kenge gréissere Nidderschléi ze dinn. De Modellrechnunge no soll et eréischt am Laf vum Donneschden dozou kommen, dass eis aus westleche Richtungen mol erëm e bësse méi Reen soll erwaarden.
Vun den Temperaturen hir leie mir haut tëscht 7 an 11 Grad, muer sinn et 8 bis 11 an e Mëttwoch ginn tëscht 8 an 10 Grad erreecht. An der zweeter Wochenhallschent sollt sech net all ze vill dorun änneren.

Vum Reen hier kann ee soen, dass de Méindemoien elo schonn zu de naasseste Momenter vun dëser Woch zielt. Am ganze gekuckt solle mir e Sonnden inclus tëscht 10 a 25 l/m² erofkommen, eenzele Modeller no och ëm 10 méi – mee jo, dat ass net méi mat der leschter Woch ze vergläichen, an där et de Radardonnéeë no tëscht 38 a knapp 80 l/m² gereent huet.