De Wochenausbléck: Fiichtwaarm Loftmasse géint Enn der Woch méiglech

De Moment hunn eis Loftmassen am Grëff, déi fir d’Joreszäit en Tick ze niddreg sinn. Ännere ka sech dat virausiichtlech Enn der Woch.

Woch geet un wéi de Weekend opgehal huet

Vum Weekend op de Start vun der neier Woch gekuckt mierkt ee kee gréisseren Ënnerscheed. Et bleift am Allgemengen einfach variabel an d’Maximaltemperature beweege sech am Beräich vu ronderëm 20 Grad. Dëst wäert sech an den Deeg drop sou séier net änneren. Réischt fir Enn der Woch gesinn d’Modeller d’Warscheinlechkeet, dass et rem summerlech waarm bei eis gëtt – mee awer och e gutt Stéck méi fiicht, wat d’Warscheinlechkeet vu Wiederen an d’Luucht dréckt.

Mir starten um Méinde starte mir mat e puer eenzelne Wolleken an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 7 an 11 Grad. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 16 bis 22 Grad areecht, de Wand ass nëmme schwaach ënnerwee. Et zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, duerch déi et lokal begrenzt och mol zu enger Schauer oder engem Wieder komme kann. Vill Reen kënnt awer net erof. Och um Dënschde gesi mir vill Wolleken, tëschenduerch si mol sonneg Momenter dobäi. Grad esou gutt kann et rem lokal naass ginn. 15 bis 20 Grad.

Animatioun: Enn der Woch fanne méi waarm Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg (GFS – wxcharts.com)

Stréimung dréint ëmmer méi op Osten

Vum Mëttwoch u fängt sech d’Grousswiederlag lues a lues un ëmzestellen. Dëst wäert awer net direkt ze spiere sinn, mee nëmme lues a lues. Sou wéi et de Moment ausgesäit, ass et um Mëttwochmoie nach meeschtens dréchen – trotz Wolleken. Am Laf vum Dag areechen eis dann aus südëstleche bis ëstleche Richtungen ëmmer méi Wolleken, déi zu Schliet féiere kënnen a warscheinlech och wäerten. Et gi Maximaltemperature vu 16 bis 20 Grad areecht. De Wand ass kee grousst Thema. Den Donneschde bleift den Himmel meeschtens wollekeg, d’Modeller rechnen d’Warscheinlechkeet fir Reen awer aktuell Laf fir Laf e Stéck méi niddreg. Et ass mat 18 bis 21 Grad ze rechnen.

Um Freide soll et da souwäit sinn: et areechen eis méi mëll Loftmassen. D’Grousswiederlag: en Déif läit iwwert dem Weste vu Frankräich, en Héich iwwert dem südleche Mëttelmierraum an en Héich iwwer Finnland. Duerch dës Konstellatioun ginn eis aus Osten waarm Loftmassen zougespillt, déi duerch d’Déif iwwer Frankräich awer virdéischt mat enger gréisserer Loftfiichtegkeet vermëscht ginn. Sollt sech dësen Trend confirméieren, dann hätte mir et mat engem immens schmeiere Weekend ze dinn. Ëmmer rem wiere kleng Schauer- a Wiederzellen ze erwaarden, déi wei Streisel verstreet iwwer Europa optriede géifen. Um Freide ginn 22 bis 25 Grad areecht, de Samsden 23 bis 25 Grad an de Sonnde wiere Stand aktuell 23 bis 26 Grad dran.