De Wochenausbléck: Geréng Reequantitéiten, lues a lues méi waarm

Lëtzebuerg bleift ënnert enger Westwiederlag, wat heescht, dass et variabel bei eis virugeet. Et ass awer net mat vill Reen ze rechnen.

Temperature klamme nëmme lues

Eng Westwiederlag huet eis de Gros vun der neier Wiederwoch am Grëff. Réischt a Richtung Weekend kéint et sinn, dass sech en Héichdrockgebitt fir eng kuerz Zäit iwwert eis festgesat kritt. D’Temperature klamme lues, mee areeche nëmme niddrëg summerlech Wäerter.

Mir starte mat engem zäitweis naassem Méinden an déi nei Woch eran. Sonn a Wolleke wiessle sech of, haaptsächlech am Nomëtte kann et zu eenzelne Schauere kommen. D’Temperature klammen op e Maximum vu 16 bis 21 Grad, nodeems se an de Moiesstonnen tëscht 10 a 14 Grad louchen. De Wand ass ëmmer nach en Thema an duerch Spëtzte vu bis zu 55 km/h gutt aus West- Nordweste spierbar. An der Nuecht op den Dënschde gëtt et ëmmer manner wollekeg. Um Dënschde selwer besteet bei engem Sonn- Wollekemix nëmmen zäitweis eng kleng Warscheinlechkeet vu Schaueren. Op de mannste Plaze wäert et bei 17 bis 23 Grad naass ginn.

D’Loftmasseverdeelung bis de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Tendenziell manner grouss Reewarscheinlechkeet

Wéi déi aktuell Modeller et gesinn, sollt déi souwisou scho net all ze grouss Warscheinlechkeet vu Reen an der zweeter Wochenhallschent nach méi wäit zréckgoen. Gréisstendeels hu mir et mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn, d’Temperature “kämpfe” sech lues a lues a Richtung Summerwäerter.

De Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken of, no 12 bis 15 Grad an de Fréistonnen ass am Nomëtte mat engem Maximum vu 19 bis 25 Grad ze rechnen. De Wand ass spierbar aus Westen ënnerwee, dat mat Spëtzte vu 45 km/h. Den Donneschde gëtt en änlechen Dag mat enger Partie Wolleke, mee och sonnege Momenter. Et bleift gréisstendeels dréchen, dat bei 19 bis 25 Grad. Um Freide passéiert eis eng Kalfront, wouduerch et am Nomëtten zu eenzelnen a schwaache Nidderschléi komme kann. 20 bis 26 Grad stinn um Programm.

Potenziellt Héichdrockgebitt de Weekend

Wéi am Ufank erwäänt, kann et sinn, dass sech de Weekend iwwer en Héichdrockgebitt iwwert eis ophale wäert. Et ass mat e puer harmlose Wolleken ze rechnen, dat bei ville sonnege Momenter. Et ass zwar nach eng gutt Zäit bis dohin, mee d’Modeller rechnen de Moment mat tëscht 18 an 23 Grad um Samsden an 19 bis 24 Grad um Sonnden.