De Wochenausbléck: Heiansdo mol eng Schauer & mëll bis waarm

Zu Lëtzebuerg wärt d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwiederen zwar e Stéck zréckgoen, allerdéngs sinn se ëmmer nach net komplett auszeschléissen. Eis begleede vill Wollécken duerch déi nächst Deeg, heiansdo och mat sonnege Momenter.

Onwiederarteg Reefäll an Däitschland erwaart

Bis den Dënschden/Mëttwoch hu grouss Deeler vun Däitschland mat Déifdrockafloss ze dinn, deen haaptsächlech iwwert dem Oste vun der Republik läit. Duerch dëst Déif entstinn ëmmer rem Schaueren an Donnerwiederen, déi zumools an der Südhalschend vun Däitschland vir enorm Waassermasse suerge kënnen.

Ab dem Méindenomëtten ass domat ze rechnen, dass sech iwwer Deeler vum Süden Dauerreen asetze kann, daat mat enger variabler Intensitéit. Plaazeweis, an daat am wahrscheinlechsten um Alperand, kann et bis an de spéidere Verlaf vum Dënschden era reenen. Den däitsche Wiederdéngscht (DWD) warnt scho viru Reequantitéite vun em an iwwer 100 l/m², lokal souguer bis zu 140 l/m² (Stand: 20.05.2019 00:07 Auer). Ab dem Mëttwochvirmëtte sollt sech d’Situatioun viraussiichtlech berouegen.

Quantitéite bis de Mëttwochowend (wxcharts.com)

Alles méi entspaant zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg wärt vun der Onwiederlag iwwer Deeler vun Däitschland guer näischt matkréien. Bei eis gëtt de Mix aus décke Wollécken, e puer sonnege Phasen an e puer lokal begrenzte Schaueren bäigehaalen, also ännert sech quasi näischt. Och d’Temperature bleiwen an deem Beräich, wou se de Moment sinn. Bis Enn der Woch leien des am Dag tësche 14 an 23 Grad, och an de Nuechte kënne mir zumols am Osten an am Süde vum Land zweestelleg bleiwen. Am keelste gëtt et, wéi sou oft, am Norden. Frascht ass awer keen ze erwaarden.

De nei Woch fänkt mat e puer décke Wollécken un, daat mol secher bis de Mëttwoch. Heiansdo kënnt sech d’Sonn weisen, dat awer bei engem klenge Risk vu Schaueren oder och mol engem Wieder. D’Wahrscheinlechkeet ass awer net dei gréisst, soudass Schaueren eng lokal Saach bleiwe wärten. Et léisst sech leider net viraussoen, wou et tatsächlech reene wärt. D’Temperature packen et de Méinden op 16 bis 20 Grad, den Dënschden op 14 bis 20 Grad an de Mëttwoch op 15 bis 21 Grad.

Déi zweet Halschend vun der Woch kann et e klengt Stéckche méi waarem ginn, sonneg Momenter kënnen dobäi och zouhuelen. Lokal kann et bis zu 23 Grad waarm ginn, mee de Schauerrisk ass ëmmer nach e bësse präsent. Et ass also net ze erwaarden, dass sech dat Bild, wat mir elo hunn, a noer Zukunft verännere wärt. Just mat Chance kéint sech Ufank Juni tatsächlech eppes doen… mee mol kucken.