
Vill Sonn, wa sech de Niwwel opgeléist kritt
Wéi et bei héijem Loftdrock am Wanter typesch ass, ass et ufanks nach oft niwwleg. Léist sech de Niwwel op, da kënnt d’Sonn eraus a suergt de ganzen Dag fir schéint Wieder – just léisst et sech nëmme schlecht viraussoen, ob e sech wierklech opléist oder net. Dëst kann eng Prognos gäre mol op d’Kopp geheien. Sollt eng Prognos fir des Woch also net stëmmen, da läit et um sougenannte Niwwel-Lotto.
Mir starte mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an déi nei Woch eran, méi décke Niwwel kann awer och mol dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad, areechen am Laf vum Dag 3 bis 6 Grad. Léist se Niwwel sech op, dann ass domat ze rechnen, dass et ëmmer méi frëndlech gëtt. De Wand spillt sou gutt wéi keng Roll a bléist héchstens mol mat 30 km/h aus Nordosten. An der Nuecht op den Dënschde kläert et meeschtens op, méi zéie Niwwel ass awer plazeweis rem net onméiglech. Et killt bis op -6 Grad of, glat Stroosse kënnen och virkommen. Um Dënschde gëtt et schéi sonneg a frëndlech, dat bei 4 bis 6 Grad – awer natierlech réischt, wann de Niwwel fort ass. Et bleift drëchen an an der Nuecht op de Mëttwoch geet et op -2 bis -8 Grad erof.
De Verlaf vun der Woch vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Nidderschlagswahrscheinlechkeet klëmmt Enn der Woch
Och um Mëttwoch gëtt et keng gréisser Ännerungen. 4 bis 7 Grad sinn ze erwaarden, dat bei vill Sonn falls sech de Niwwel opgeléist kritt. De Wand bléist schwaach aus Ost- Nordoste mat Spëtzte vu 25 km/h. Et bleift drëchen. Um Donneschden an um Freide bleift et méi oder manner d’selwecht – et muss ee just hoffen, dass sech de Niwwel opléist. Méi Wolleke komme vum Weekend un an d’Spill, den Héichdrockafloss gëtt lues a lues méi schwaach. An de Nuechte klammen d’Temperature rem op iwwert de Gefréierpunkt an och dagsiwwer ass rem mat ëm 10 Grad ze rechnen. Um Samsde kënnen aus aktueller Siicht gesinn e puer vereenzelt Schauere net ausgeschloss ginn, genee wéi och um Sonnden.
