
Ier et awer esouwäit ass, fanne nach e puer Déifdrockausleefer- a Gebitter de Wee an eis Géigenden. Trotzdeem wäert d’Sonn awer net ëmmer verstoppt sinn.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Iwwerdeems sech iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent e grousst Héichdrockgebitt befënnt, kënnt vum Atlantik hier ëmmer erëm Déifdrockafloss an eis Géigende gezunn. Zwar gräift tëschenduerch och mol liichten Héichdrockafloss dotëscht, mee et dauert ni laang, bis dann erëm eng “Stéierung” oder eng Front mat Reen dotëschtfunkt.

Momentan am Fokus ass en Déifdrockgebitt, wat vum Dënschdenowend de Wee a Richtung Westeuropa aschléit an e Mëttwochowend viraussichtlech am südëstleche BeNeLux oder nërdleche Frankräich ukënnt – also sou zimmlech an eise Géigenden. Je no Positioun vun dësem Déif kann et mol fir méi kräfteg Schaueren oder och mol en Dimmer duergoen. Vum Freiden u soll den Héichdrockafloss zouhuelen, Stéierungen duerch en Déif gi méi onwarscheinlech – esou de momentane Stand.
De Verlaf
Haut um Ouschterméinden hu mir et mat Schauerwieder ze dinn, wat awer a Richtung Owend/spéideren Owend wäert ofhuelen. Trotz de ville Wolleke weist sech d’Sonn awer och mol dotëscht, iwwerdeems sech d’Temperaturen direkt ënnert de Schaueren awer a Grenzen halen. Déi eng oder aner Blëtzentluedung ass net ausgeschloss. Muer um Dënschde leie mir ëmmer nach ënner liichtem Déifdrockafloss, Sonn an deels méi kompakt Wolleke wiessele sech of. Et gëtt just nach vereenzelt naass, et sollt also net méi jiddereen betreffen.

E Mëttwoch kënnt dann dat virdrun ugeschwatent Déifdrockgebitt an d’Spill, wat sech jo vu Groussbritannien aus an eis Géigende beweegt. De méi groussflächege Reen dovu soll eis de meeschte Modeller no ronderëmt d’Mëttesstonn erreechen – just den däitsche Modell ICON gesäit d’Méiglechkeet, dass de “naassten” Deel dovu knapp südlech um Land kéint laanschtgoen. Am Laf vum Owend/spéideren Owend verzéie sech d’Nidderschléi erëm eriwwer an Däitschland an et bleift doduderch meeschtens dréchen.
En Donneschde gerode mir op d’Récksäit vum Déif, déi eis op e Neits e puer Nidderschléi soll bréngen – déi eng Modeller gesi se méi groussflächeg, déi aner rechne just mat vereenzelte Schaueren. Fest steet, dass d’Meenungen ëmmer nach a Richtung richteg onbestännegen Dag ginn. Vun e Freiden u soll sech dann lues a lues en Héich probéieren, bei eis duerchzesetzen – dat gëtt an de leschten Deeg ëmmer erëm an de Modeller ugedeit. Dem europäesche Modell no soll et de Weekend bei engem Mix aus Sonn an deels méi décke Wolleke, bis op eenzel Ausnamen, meeschtens dréche bleiwen. Fir ze vergläichen, ass den amerikanesche Modell GFS awer e bësse méi sou gepolt, dass et awer heiansdo zu enger Schauer soll kommen.