De Wochenausbléck: Héichdrockwieder bis an déi zweet Wochenhallschent

An der neier Woch hu mir et haaptsächlech mam Afloss vun héijem Loftdrock ze dinn. Réischt vun der zweeter Wochenhalschend un, sou ongeféier vum Donneschde/Freiden u, kéint et lues a lues rem zu enger Ännerung kommen.

Meeschtens frëndlech, nuets fraschteg

Duerch den héije Loftdrock wäert et an de nächsten Deeg meeschtens frëndlech bleiwen. Well net sou vill Wolleken ënnerwee si, kann et an der Nuecht awer gutt ofkillen – haaptsächlech an den Däller. Och glat Stroosse si punktuell duerch Nätzt déi fréiert méiglech.

De Méinde starte mir mat engem kloren Himmel an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht -4 an 1 Grad. Et ännert sech dann och net all ze vill, am Nomëtte gi bei schéinem Wieder Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad areecht. De Wand weist sech ëmmer nach zimmlech aktiv a kann an de Spëtzte Wäerter vu 55 km/h aus östleche Richtungen areechen. Déi gefillt Temperatur wäert also däitlech ënnert der tatsächlecher Lofttemperatur leien. An der Nuecht op den Dënschde falen d’Temperature bei engem gréisstendeels kloren Himmel rem op -1 bis -3 Grad, ier et um Dënschde rem vu vir lassgeet. Soulang sech de Niwwel, deen demno wéi op verschiddene Plaze moies entstoe kann, séier genuch opléist, gëtt et dagsiwwer zimmlech frëndlech. 6 bis 10 Grad sinn dran.

Héichdrockafloss hëlt réischt Enn der Woch of (GFS – wxcharts.com)

Ännerunge just a klenge Schrëtt

De Mëttwoch wäert och net vill anescht verlafen. Et ass meeschtens sonneg a frëndlech, et zéien héchstens e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Nodeems d’Temperature moies rem tëscht -3 a -1 Grad louche, ginn dagsiwwer 6 bis 9 Grad areecht. De Wand ass nach spierbar ënnerwee, mee awer e bësse méi schwaach wéi an de vergaangenen Deeg. Och den Donneschde gëtt et nachemol ganz änlech bei 7 bis 10 Grad. De Wand packt et nach op 35 km/h.

Um Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, reene sollt et de momentane Modellrechnunge no awer nach net (Stand: 22.03.2020 – 23:38). 9 bis 13 Grad sinn dran. Um Samsden solle scho rem méi déck Wolleken ënnerwee sinn, mat Chance ka sech d’Sonn mol nach dotëscht weise kommen. D’Temperature packen et op 8 bis 12 Grad. De Sonnde kéinte nach en Tick méi Wolleken ënnerwee sinn, déi eis och liicht Nidderschléi brénge kéinten. Dat bei 6 bis 10 Grad.