De Wochenausbléck: Héichdrockwieder vun zweeter Wochenhallschent u méi dominant

Déi éischt Wochenhallschent wäert sech änlech präsentéiere wéi de Schluss vun der leschter Woch. Réischt vun der zweeter Hallschent un ass aus aktueller Siicht gesi mat enger Ännerung ze rechnen.

D’Grousswiederlag

Mir leien zwar wuel gréisstendeels ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, an awer kann et zäitweis méi gro sinn – och eenzel naass Momenter, genee wéi mir et um Sonnden hate, si bis de Mëttwoch zimmlech warscheinlech. Dës Momenter trieden awer, wéi gesot, net flächendeckend op a si méi eppes fir en enk begrenzte Beräich. D’Temperature klamme bis de Mëttwoch e Stéck, déi méi kill Loftmasse vum Weekend verloossen eis Ufanks der Woch.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

An der éischter Wochenhallschent mol nach kee gréissere Changement

Mir starten de Méinde mat ville Wolleken an déi nei Woch eran, heiansdo ass och erëm eng eenzel Schauer ze erwaarden. D’Temperature klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 11 a 15 Grad. De Wand spillt mat Spëtzte vu bis ëm 30 km/h aus Nord-Nordoste keng gréisser Roll. Um Dënschden ass et manner wollekeg, am Ufank kann esouguer d’Sonn raus luusse kommen. Vum Nomëtten u gëtt et erëm méi wollekeg, eenzel Schauere sinn erëm ganz lokal net ausgeschloss. D’Temperature klammen op 13 bis 17 Grad. De Mëttwoch gëtt mat 12 bis 17 Grad e ganz änlechen Dag, dat bei engem Wiessel tëscht Sonn a méi décke Wolleken. D’Warscheinlechkeet vun enger ganz enk begrenzter Schauer ass zwar ëmmer nach do, mee nach ee Stéck méi niddrëg wéi um Dënschden.

Héichdrockafloss hëlt zou

An der zweeter Wochenhallschent streckt en Héichdrockgebitt, wat bis dohin iwwert de britteschen Insele louch, seng Been a Richtung Mëtteleuropa aus. Doduerch gëtt et am grousse ganzen dréchen an tendenziell och méi sonneg, allerdéngs sinn dann och erëm liicht méi kill Loftmassen dobäi. Et géif also erëm kuerz méi kill ginn, iwwerdeems mir et mat rouegem Wieder ze dinn hätten. Um Donneschden erwaart eis den aktuelle Modellrechnunge no ee Mix aus Sonn a Wolleken, dat bei 8 bis 14 Grad. Um Freide gëtt et, soubal de Niwwel fort ass, schéi frëndlech bei vill Sonn an Temperature vun 11 bis 16 Grad. De Weekend selwer soll den Héichdrockafloss erëm ufänke bëssen ofzehuelen, de Samsde gëtt viraussiichtlech erëm ee méi groen Dag. 12 bis 17 Grad ginn areecht, um Sonnden ass d’Sonn awer erëm méi um Programm bei 9 bis 13 Grad.