De Wochenausbléck: Héije Loftdrock dominéiert, meeschtens

An der neier Wiederwoch erwaart eis gréisstendeels héije Loftdrock – an awer wäert et heiansdo een Tick méi gro sinn, iwwerdeems et och e bësse naass ka ginn.

Grousswiederlag

Vum Atlantik hier bis eriwwer iwwer grouss Deeler vun Europa erstreckt sech de Moment héije Loftdrock, iwwerdeems südlech vun Island e gréisseren Déifdrockkär läit. Dëst Déifdrockgebitt wäert spéiderhin an dëser Woch nach eng Roll spillen, mee ier et esouwäit ass leie mir gréisstendeels weiderhin ënnert dem Afloss vum héije Loftdrock.

De Verlaf

Wéi gesäit dës Woch dann aus? Eis erwaart ee Mix aus Sonn, Wolleken, Niwwelfelder an zäitweis och e bësse Fisemreen. Den Dënschde soll et an de Moiesstonne mat Niwwel resp. lokalem Fisemreen lassgoen, ier et am Laf vum Dag ëmmer méi sonneg soll ginn. Eis Temperature packen et dobäi op 8 bis 11 Grad. De Mëttwoch gëtt et nach ee Stéckche méi frëndlech. Soubal de Niwwel fort ass, wiessle sech d’Sonn an e puer kleng an harmlos Wolleken of. D’Temperature maache sech a Richtung 11 bis 15 Grad. Um Donneschde gëtt et, am Kader vun enger Stéierung duerch minimalen Déifdrockafloss, erëm méi gro. Bis op e bësse Fisemreen sollt et awer trotzdeem dréche bleiwen. 11 bis 15 Grad stinn um Programm.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Wat de Weekend betrëfft gëtt et méiglecherweis e bësse méi naass – wat mam Déifdrockgebitt zesummenhänkt, wat de Moment nach am Raum Island läit. D’Kalfront dovu soll um Freidenowend/an der Nuecht op de Samsden op eis iwwergräifen a kéint an der besoter Nuecht esouguer d’Warscheinlechkeet vun e puer Flacken an d’Luucht drécken. Um Freide selwer sollen d’Temperaturen op tëscht 11 a 15 Grad klammen, um Samsde wiere mir mat 8 bis 12 Grad dobäi. Spéistens vum Samsdenomëtten u gëtt et méi dréchen. Um Sonnde soll sech bei 13 bis 17 Grad erëm méi stabilen Héichdrock duerchsetzen.