De Wochenausbléck: Héije Loftdrock dominéiert weiderhin

Och an der neier Woch leie mir haaptsächlech ënnert dem Afloss vun Héichdrockwieder. Am Laf vun der Woch ass just kuerzzäiteg mat enger Ënnerbriechung ze rechnen, ier et rem mam rouege Wieder viru geet.

An zweeter Wochenhalschend wahrscheinlech manner Frascht

Och an der neier Woch hu mir et haaptsächlech mat héijem Loftdrock ze dinn, wat bedeit, dass och de Niwwel- Lotto weiderhin en Thema bleift. Léist e sech am Laf vum Dag op, ass meeschtens mat flottem a sonnegem Wieder ze rechnen. Wa net, da kann et och mol de ganzen Dag gro bleiwen. An de Nuechte kënnen d’Temperaturen och ëmmer nach zimmlech wäit an de Keller goen, ier et vum Freiden un awer rem e bësse méi mëll sollt ginn.

Mir starte mat engem klore bis liicht wollekegem Himmel an de Méinden eran, demno wéi kann awer och mol méi décke Niwwel dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht -5 a -2 Grad, plazeweis awer och mol an der Géigend vun de -10 Grad. A Richtung Mëtte sollt et 6 bis 8 Grad mëll ginn, dobäi ass mat vill Sonn ze rechne wann de Niwwel verschwonn ass. An deem Fall zéie just e puer harmlos Wolleken duerch. De Wand bléist schwaach aus Oste mat Spëtzte vu 25 km/h. Um Owend an an der Nuecht geet et rem op 0 bis plazeweis -9 Grad zréck, et ka rem glat ginn. Niwwelfelder sinn och rem net onméiglech, oft ass et awer kloer.

D’Grousswiederlag bis Enn der Woch (GFS – wxcharts.com)

Den Dënschde geet et zimmlech d’selwecht viru wéi och de Méinden. Léist sech de Niwwel op, gëtt et schéi sonneg an et zéie just e puer harmlos Wolleken duerch. D’Temperature leie um Moien tëscht -7 an 2 Grad a packen et am Laf vum Nomëtten op 5 bis 7 Grad. De Wand ass keen Thema a bléist schwaach aus Süd- Südweste mat Spëtzte vun 20 km/h. An der Nuecht op de Mëttwoch geet et op 0 bis -6 Grad erof an um Mëttwoch selwer ginn dagsiwwer 4 bis 7 Grad areecht. Léist sech de Niwwel op, erwaart eis rem e richteg flotten Dag. De Wand ass schwaach aus Ost- Nordosten ënnerwee. An der Nuecht op den Donneschde killt et rem op -2 bis -8 Grad of, et bleift oft kloer – Niwwel ass awer net onméiglech.

Kuerz Ënnerbriechung méiglech

Um Donneschde selwer ass et viraussiichtlech nach zimmlech frëndlech, dat bei 3 bis 6 Grad am Dag. Et ass mat 3 bis 6 Grad ze rechnen. Um Freide gëtt et awer scho lues a lues méi gro, dat bei 4 bis 7 Grad. Um Owend an och an der Nuecht op de Samsden zitt eng Kalfront duerch, déi eis e bësse Reen brénge kann. Schon um Sonnde soll den déiwe Loftdrock awer scho rem vun engem Héich verdrängt ginn, soudass et mat ähnlechem Wieder virugoe kéint, wéi mir et och de Moment hunn. D’Temperature packen et de Samsden aus aktueller Siicht dagsiwwer op 3 bis 7 Grad, de Sonnden op 5 bis 7 Grad.