De Wochenausbléck: Héije Loftdrock kritt erëm d’Iwwerhand

Héije Loftdrock wäert sech an de nächsten Deeg erëm besser kënnen duerchsetzen. Trotzdeem kann et virun allem mol nach an der éischter Wochenhallschent zäitweis naass ginn.

D’Grousswiederlag

Mir hunn et wiederhi mat engem groussen Héichdrockblock westlech vun den Azoren an och iwwert dem osteuropäesche Raum ze dinn. Dotëscht ass virun allem am Ufank mol nach liichten Déifdrockafloss mat Kären iwwer Südspuenien an och am Alperaum ze fannen, deen och zu Lëtzebuerg zu der enger oder anerer Entwécklung bäidroe wäert. Dësen ass awer net do fir ze bleiwen, am Laf vun der Woch kämpft sech den héije Loftdrock nämlech erëm sou gutt et geet zréck iwwert eis Käpp.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

D’Woch starte mir um Méindemoie mat ville Wolleken – Iwwerreschter aus der Nuecht an och dem spéidere Sonndenowend, wou et groussflächeg gereent huet. Et kann um Moie vereenzelt mol nach zu liichte Nidderschléi komme, Niwwel ass och net ausgeschloss. No 4 bis 6 Grad sinn am Nomëtten 10 bis 14 Grad dran, Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of. Et bleift gréisstendeels dréchen – wat ee vum Dënschde sécherlech net behaapte kann. Et ass nämlech de ganzen Dag laang gro an et ass mat groussflächegem Reen ze rechnen. D’Temperature packen et trotz allem op 8 bis 11 Grad – mir gerode no a no ënnert eng däitlech méi waarm Stréimung. Ënnersträichen deet dëst de Mëttwoch, un deem de neiste Modellrechnunge no esouguer Temperature vun tëscht 15 a 19 Grad méiglech sinn. Mat dobäi kënnt, dass d’Wolleke manner déck ginn a sech e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken astelle sollt.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et just e klengt Stéckche manner waarm, et bleift awer trotzdeem mëll. Tëscht 11 a 16 Grad sollen d’Temperaturen dagsiwwer hin an hier pendlen, dat bei engem Mix aus Sonn an zäitweis e puer méi décke Wolleken. Nidderschléi sinn e raren Artikel, an de fréie Moiesstonne kënne lokal e puer Niwwelfelder net ausgeschloss ginn. De Wand bléist zäiweis spierbar aus nordëstleche bis ëstleche Richtungen.

Den eenzegen Zäitpunkt, un deem also mat groussflächegem Reen ze rechnen ass, ass den Dënschden – e klengräimegt Déifdrockgebitt zitt nërdlech un eis laanscht.