De Wochenausbléck: Kaum Chancen op weidere Schnéi

Et hätt ee jo baal gemengt, de Wanter hätt sech endlech iwwert eise Géigende festgesaat. Déi momentan Berechnunge weisen de Géigendeel, zumindest vir déi nächst 8 Deeg.

Ufanks nëmme minimal Nidderschléi

Méi mëll Loftmasse bestëmmen eist Wieder, dobäi ginn et awer net all ze vill sonnëg Momenter.

Mir starten um Méindemoie lokal mat Niwwel, op anere Platzen ass et awer éichter liicht wolléckeg. D’Temperature leien tësche -3 a 0 Grad. Am Virmëtte gett et aus westleche Richtungen ëmmer méi wolléckeg, waat sech bis an de spéideren Owend eran zitt. Trotz de ville Wollécke bleift et awer meechtens drëchen, dat bei maximale 0 bis 3 Grad.

Um Dënschde gëtt et mat 2 bis 6 Grad schon däitlech méi waarem an och méi sonnëg. Et si nëmmen e puer wéineg Wollécken ënnerwee. De Mëttwoch komme rem méi Wollécken an d’Spill, reene sollt et awer meechtens net.

An den Deeg drop tendéiert et dozou, méi fiicht ze ginn. Bei Temperature vu 4 bis 8 Grad bleift et awer mëll a souguer liicht iwwerduerchschnëttlech waarem vir d’Joereszäit.

Neie Réckgang an der nächster Woch?

Déi momentan Modeller an Ensemble sprangen an de leschten Deeg ganz schéin hin an hier. Déi folgend Zeilen sollt een also nach net all ze eecht huelen. Et soll just eng Richtung uginn, an déi et goe kéint.

De GEFS rechent domadden (Stand: 04.02.2019 – 02:54 Auer), dass d’Temperaturen ab dem 10. Februar rem lues a lues zréckgoe sollen. Wéi wäit léisst sech nach net soen. Wann d’Wanterfans Pech hunn, da kéint et rem eng gutt Zäit dauere, bis de Schnéi erëmkënnt.

Wa Dir iwwert de Verlaf vum Wieder vir déi nächst Deeg um Laafende gehaale wëllt ginn, da kuckt op der Prognose-Säit laanscht. All Owend ginn do déi détailléiert 3-Deeg-Prognosen op de neiste Stand bruecht. Falls Dir e Facebook-Account hutt, da kënnt Dir Iech och ënnert dësem Link stänneg informéieren.

GEFS-Ensemble (meteociel.fr)