De Wochenausbléck: Kaum Reen, Temperature klamme rem a Richtung 20 Grad

Ufanks der Woch zéie nach d’Reschter vun enger Kalfront iwwert eis ewech, wouduerch et nach zu eenzelne Nidderschléi komme kann. Déi Deeg drop war et dat dann awer scho rem mam Reen.

Groen an deels naasse Wochestart

An der Nuecht op de Méinden an och um Méinde selwer kann et bis an de fréie Nomëtten era nach zu Schauere kommen. Duerno gëtt et lues a lues manner wollekeg an och rem méi drëchen. An de Fréistonne leien d’Temperaturen tëscht 2 a 6 Grad, haaptsächlech am Südoste vum Land awer och mol méi héich. De Wand ass spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op bis zu 60 km/h. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 12 Grad areecht, de Wand packt et nach op ëm 40 km/h aus Nordosten. Et gëtt ëmmer méi drëchen. An der Nuecht op den Dënschde si kaum nach Wolleken ënnerwee, d’Temperature falen op 3 bis 0 Grad, an den Däller mol bis op -2 Grad. Duerch Nätzt déi fréiert si glat Stroosse net onméiglech. Um Dënschden hëlt den Héichdrockafloss bei eis rem zou, et ass manner wollekeg an d’Sonn weist sech méi oft. Ufanks leien d’Temperaturen tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Nomëtten op 9 bis 14 Grad. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift drëchen. An der Nuecht op de Mëttwoch ass den Himmel oft kloer, d’Temperature falen op 4 bis 2 Grad.

Kill Loftmasse beweege sech lues awer secher vun eis fort (GFS – wxcharts.com)

Mix aus Sonn a Wolleke stellt sech an

Vu Mëtt der Woch un hu mir et meeschtens mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn, Frascht an de Nuechte gëtt och lues a lues méi rar. Um Mëttwoch selwer wiessle sech Sonn a Wolleken of, reene sollt et net. D’Temperature leien um Moie nach tëscht 3 a 6 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun 10 bis 13 Grad. De Wand bléist nach zäitweis méi spierbar an areecht 40 km/h aus Nordosten. Um Owend an an der Nuecht op den Donneschde bleift et frëndlech an drëchen, d’Temperature falen op 4 bis 0 Grad. Um Donneschden ass et méi wollekeg, d’Sonn huet aus aktueller Siicht gesi net méi grad sou gutt Chancen. Trotzdeem sollt et bei Maximaltemperature vun 11 bis 15 Grad drëche bleiwen. Och de Freide kéint e méi wollekegen Dag ginn, un deem et just op de mannste Plaze reene sollt. D’Temperature klammen op 13 bis 17 Grad.

Och de Weekend iwwer soll et, Stand elo, bei engem Sonn- Wollekemix meeschtens drëche bleiwen. Um Samsde ginn Temperature vu 16 bis 20 Grad areecht, um Sonnde wiere scho rem 17 bis 22 Grad dran.