![Artikel Banner (7)](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2024/12/Artikel-Banner-7-7-678x381.png)
Dës Woch wäert d’Wieder sech zimmlech roueg verhalen, eréischt vum Samschden u suergt en Déifdrockgebitt viraussiichtlech erëm fir e Wiessel.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Nach bis muer den Owend (Dënschden) hu mir et mat enger “high over low”-Wiederlag ze dinn, bei där sech en Héichdrockgebitt vun de britteschen Inselen hier eriwwer an de skandinavesche Raum zitt. Zur selwechter Zäit läit e Rimm mat déiwem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum, wat zesummen an enger ëstlecher Stréimung resultéiert. Duerch dës ass et de Moment net méi esou naass wéi an de leschte Wochen an och eis Temperature ginn zréck.
![](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2024/12/TmrbENi3RM.gif)
En Donneschden hu mir et mam gréissräimegsten Héichdrockafloss ze dinn, ier dëse sech e Freiden an den Oste vum Kontinent verzitt. Aus westleche Richtunge kënnt erëm Déifdrockaktivitéit an d’Spill, duerch déi d’Nidderschléi erëm méi warscheinlech ginn.
De Verlaf
Duerch den héije Loftdrock an déi kill Loftmassen erwaarden eis och muer um Dënschde vill Wolleken, Niwwelfelder a net all ze héich Temperaturen. 2 bis 5 Grad ginn als Héchstwäert erreecht, nodeems mir et um Moie mat 0 bis 3 Grad ze dinn haten. E Mëttwoch geet et mat -1 bis 1 Grad un, am Dag si nach 2 bis 4 Grad dran. Den Himmel bleift weiderhi gro, just a Richtung Nomëtte gëtt et eng minimal Chance dofir, dass sech iergendwou e sonnegen Ofschnëtt dotëschtdréckt. En Donneschde schéngen d’Chancen op sonneg Momenter nach e Stéck méi héich ze ginn, dat bei Fréiwäerter vu -4 bis 0 Grad an Héchsttemperature vu viraussiichtlech 1 bis 4 Grad.
De Freide sinn d’Chancen nach besser, mee et ass mat -5 bis -1 Grad um fréie Moie richteg fraschteg. Am Dag kéint et bei -1 bis 4 Grad punktuell zu liichtem Dauerfrascht kommen. De Samschde wier et nach änlech, woubäi eis a Richtung Owend awer aus westleche Richtungen déi éischt Déifdrockausleefer kéinten erwaarden. An der Nuecht op e Sonnde kann et doduerch zu Schauere kommen, eenzel Flacke si net ausgeschloss. Fir e Sonnde selwer wieren an der éischter Hallschent nach Schaueren dran, duerno géif et dann besser ginn.