D’Woch gëtt eng immens variabel, et ass oft lefteg a naass. Vum Mëttwoch un trëfft awer e Changement an.
Grousswiederlag
De Méinden an den Dënschde ginn immens ongemittlech Deeg. Kee Wonner: duerch e gréisseren a markanten Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik an héije Loftdrock iwwert den Azoren souwéi och a Richtung Mëttelmierraum leie mir méi oder manner ënnert enger Déifdrockstrooss. Vum Atlantik hier kënnt also ëmmer erëm Reen a Wand no, dat primär duerch Randdéifer, déi eben ronderëmt de gréisseren Déifdrockkomplex ronderëmkreesen.
De Mëttwoch an den Donneschden verzitt sech den Déifdrocksystem weider an den Osten, vum Atlantik hier iwwer Spuenien, Portugal a Frankräich baut sech kuerzzäiteg eng Héichdrockbréck op, déi esouguer bis an de nordskandinavesche Raum goe soll. An dëser Phas ass mat méi rouegem, mee däitlech méi killem Wieder ze rechnen. De Frascht an de Risk vu glate Stroosse kënnt zréck. Vum Freiden u kéint dann e Batz Fiichtegkeet mat dobäi kommen, wat d’Chancen vu Flacken an d’Luucht dréckt.
De Verlaf
Haut um Méinden ass d’Luucht gréisstendeels zou, haaptsächlech vum fréie Nomëtten u setzt Dauerreen an. Et reent also méi laang um Stéck, dat deelweis och mol méi kräfteg. D’Temperature packen et dobäi op tëscht 7 an 11 Grad. De Wand ass weiderhi spierbar ënnerwee a packt et an de Spëtzten op ëm 45 km/h, lokal och mol driwwer. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschde gëtt de Reen méi staark, deels hëlt de Wand och erëm bëssen zou. Et bleift also zimmlech ongemittlech.
Als ongemittlech kann een dann och de ganzen Dënschde bezeechnen, un deem et gro a naass bleift – den Dauerreen setzt sech fort. Eréischt an der Nuecht op de Mëttwoch wäert de Reen mat enger gréisserer Warscheinlechkeet méi schwaach ginn. D’Temperature packen et op 7 bis 11 Grad, an der Nuecht gi se op tëscht 0 a 4 Grad zréck. Kee Wonner also, dass déi puer lescht Schaueren um Owend haaptsächlech op de Koppen a Schnéireen a Schnéi iwwergoe kënnen. Um Mëttwoch bleift et bis op e puer Ausname gro, dobäi ass mat schwaache Nidderschléi ze rechnen. Bei Temperature vun tëscht 2 a 5 Grad falen dës meeschtens als Reen, op de Koppe gär mol als Schnéireen.
Déi zweet Wochenhallschent
Trotz de puer wéinege Nidderschléi déi um Mëttwoch méiglech sinn, huet sech erëm héije Loftdrock opgebaut. Dëse bleift eis och den Donneschden erhalen, un deem et zwar wuel duerch Niwwel oft gro ze bleiwe schéngt, mee och gréisstendeels reenfräi (Ausnam: Fisemreen). D’Temperature packen et op 2 bis 5 Grad, an de fréie Moiesstonnen an an der Nuecht si liicht Minusgraden dobäi – et besteet also de Risk vu glate Stroossen. De Freiden an och um Samsde si jeeweils tëscht 2 a 5 Grad am Dag dran, dobäi soll et dem aktuelle Stand no vum Freidemëtten un zu groussflächegem Schnéireen an op de Koppen och zu Schnéifall kommen. Um Samsden hätte mir en änleche Verlaf, just e bësse no hanne verréckelt. An der Nuecht op de Sonnde soll de Schnéi erëm a Reen iwwergoen, dat ier am Laf vum Dag e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad erreecht gëtt.