
An dëser Woch leie mir ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung. Dës bréngt eis zwar däitlech manner Reen, dofir hunn eis Temperaturen awer weiderhi Krämpes.
Advertisement
D’Grousswiederlag
An dëser neier Wiederwoch spillt virun allem en Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär tëscht dem skandinavesche Raum, de britteschen Inselen an Island hin an hier “eeërt”, eng gréisser Roll. D’Stréimung dovu gräift och op Mëtteleuropa iwwer, iwwerdeems en Héichdrockgebitt, wat iwwert dem Mëttelmierraum läit, vu Süden hier entgéintdréckt. Un der Grenz dovun, déi hir Positioun awer all Dag e bëssen ännert, forméiere sech ëmmer erëm e puer Nidderschléi. Dëst wäert awer op alle Fall net dauerhaft iwwer Lëtzebuerg de Fall sinn – et gëtt also eng méi roueg Woch.

Well d’Déifdrockgebitt awer méi wäit op Mëtteleuropa kann iwwergräife, wéi dat an de Modeller vu leschter Woch nach ausgesinn huet, hunn et d’Temperaturen awer ëmmer nach schwéier, op iwwer 20 Grad erauszeklammen.
De Verlaf
Haut um Méinde wiessle sech Sonn a Wolleken of, Reen erwaart eis keen. Et gi Maximaltemperature vun tëscht 16 an 21 Grad erreecht. Muer um Dënschden erwaart eis en änlechen Dag, just dass vum Nomëtten u just eng minimal Warscheinlechkeet vu lokalen a liichte Nidderschléi besteet. Mat 17 bis 20 Grad deet sech och net vill un eisen Temperaturen. De Mëttwoch passéiert eis eng schwaach Kalfront, duerch déi et erëm e bësse reent – d’Quantitéiten hale sech awer a Grenzen. D’Sonn kënnt sech weiderhin tëscht de Wolleke weisen.
An dann si mir och schonn an der zweeter Wochenhallschent ukomm: Den Donneschde sinn d’Wolleke méi déck, heiansdo kënnt d’Sonn luussen. Änlech wéi um Mëttwoch kënnt et zäitweis awer och zu lokalen a liichte Nidderschléi. Fir de Freiden an och de Weekend inclus gesäit et aus aktueller Siicht gesinn no engem Mix aus mol méi a mol manner décke Wolleken & sonnege Momenter aus. Wat de Weekend méi al gëtt, wat de Risk vun engem lokale Schluet oder och Donnerwieder an d’Luucht geet. Temperaturméisseg deet sech ëmmer nach net vill, mir beweegen eis meeschtens tëscht 16 an 20 Grad.