De Wochenausbléck: Meeschtens drëchen an och rem méi waarm

No dem Dauerreen de Weekend kritt sech den héije Loftdrock an der neier Woch besser duerchgesat. Et gëtt däitlech méi drëchen an d’Temperature klammen.

Reen gëtt rem méi rar

Duerch eng Loftmassegrenz hate mir et de Weekend mat deels onwiederartegem Dauerreen ze dinn. An Zäit vun 48 Stonne konnte Radardate no tëscht 25 a 50 l/m² erofkommen. Des Woch wäert et wahrscheinlech awer net méi zu vill Reen kommen, et setzt sech nämlech méi héije Loftdrock duerch. Mat dësem héije Loftdrock gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg geschëppt, wouduerch rem Temperaturen an der 20-Grad Géigend méiglech sinn.

Mir starten de Méinde mat ville Wolleken an den Dag eran an och am weidere Verlaf vum Dag wäerten déi eis net wierklech verlossen. Am Nomëtte kéint et just mat ganz vill Chance mol zu kuerze sonnege Momenter kommen, dat bei 11 bis 16 Grad. Et sollt gréisstendeels drëche bleiwen. Um Dënschden ass et bis an de Mëtten era nach méi wollekeg, ier et ëmmer manner gro gëtt a sech d’Sonn ëmmer besser duerchgesat kritt. D’Temperature klammen op e Maximum vun 13 bis 16 Grad, dat bei engem schwaachen Ostwand mat Spëtzte vu 25 km/h. Richteg flott soll et och de Mëttwoch ginn mat 17 bis 21 Grad, dat bei vill Sonn. Dir mierkt: et gëtt scho méi waarm.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

D’Temperature klammen

Wéi d’lescht Woch iwwer d’Météo Boulaide-Facebooksäit ugedeit, huet sech den Trend confirméiert, dass et am Laf vun der Woch rem méi waarm gëtt. Wéi scho gesot, lenkt en Héichdrockgebitt rem méi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigenden. De Verlaf mat engem Mix aus Sonn a Wolleke géif sech dem no also och den Donneschde bis Enn der Woch duerchsetzen, dat bei Temperaturen, déi um Donneschde bei 18 bis 22 Grad leie sollen. Och um Freide wieren de momentanen Aussiichte no nachemol 16 bis 22 Grad dobäi, um Samsde nach 16 bis 20 Grad. Et gi keng gréisser Unzeechen op nennenswäert Nidderschlagsquantitéiten.