De Wochenausbléck: Meeschtens dréchen, summerlech Entwécklungen ze erwaarden

Eng interessant Wiederwoch steet un – se kéint nämlech e gutt Stéck anescht ausfale, wéi déi vergaange Woche, wou et immens variabel war.

Héichdrockafloss a summerlech Temperaturen

Dës Woch schéngt den aktuelle Wiedermodeller no e gutt Stéck méi bestänneg auszefale wéi déi vergaange Wochen. Héije Loftdrock soll sech sécher mol bis de Mëttwoch inclus bei eis hale kënnen a méiglecherweis och driwwer eraus – woubäi vun der zweeter Wochenhallschent un eenzel Stéierunge net ganz onméiglech sinn. D’Temperature beweege sech an engem méi oder manner summerleche Beräich – déi bescht Chancen op Summertemperature besti laanscht Musel oder och a Géigende wéi Miersch an Ettelbréck.

D’Grousswiederlag bis de Weekend (ECMWF – wxcharts.com)

Schwaach Kalfront um Méinden

Mir starten déi nei Woch mam Passage vun enger schwaacher Kalfront, déi de Modellrechnunge no allerhéchstens mol 2 l/m² Reen brénge kéint. Dass dës tatsächlech zesummekomme, kann een awer definitiv unzweiflen. Mir starten de Moie mat Wäerter vun tëscht 9 a 15 Grad. Un eenzelne Statioune wéi z.B Uewerkuer, Stad-Pescatore an och um Findel ginn elo um 04:53 Auer tëscht 16 an 18 Grad registréiert. Am Laf vum Dag ass mat Maximalwäerter vun tëscht 19 a 24 Grad an der Nordhallschent auszegoen, an der Südhallschent si 24 bis 27 Grad méiglech. Et bleift meeschtens dréche, Sonn a Wolleke wiessle sech of.

Reen bleift raren Artikel

Den Dënschden iwwer ass et déi meescht Zäit frëndlech. Vu moies bis owes wiessle sech Sonn a Wolleken of, reene wäert et dobäi net. D’Temperature klammen ope Maximum vu 19 bis 23 Grad an der Nordhallschent, an der Südhallschent si mir mat 23 bis 26 Grad dobäi. De Wand bléist nëmme liicht spierbar aus Nord- Nordosten. An der Nuecht op de Mëttwoch bleift et weiderhi kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature falen op 13 bis 10 Grad. Um Mëttwoch selwer gëtt et ganz änlech wéi um Dënschden. D’Sonn huet d’Iwwerhand, et zéie just e puer harmlos Wolleken duerch. Et gi Maximaltemperature vun 20 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nord- Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Wolleke fir eng Zäitche méi déck, reene sollt et awer net.

Zweet Wochenhallschent: Eventuell méi waarm & eenzel Stéierunge méiglech

An der zweeter Wochenhallschent geet et mat summerlechen Temperature virun, haaptsächlech op de genannte Plazen. Um Donneschde wiessle sech Sonn a Wolleke weiderhin of, aus aktueller Siicht gesi sollt et net reenen. Moies starte mir viraussiichtlech bei 13 bis 15 Grad, am Nomëtte kënnen tëscht 22 a 27 Grad areecht ginn. De Wand bléist nëmme schwaach aus Nordwesten. Um Freide kéint liichten Déifdrockafloss fir méi déck Wolleken an och vereenzelt Schauere suergen. Ob et dobäi och zu engem Donnerwieder komme kann, léisst sech momentan nach net soen. Et gi Maximaltemperature vu 24 bis 29 Grad areecht. Och um Samsde solle méi kompakt Wolleken ënnerwee sinn, groussflächege Reen steet bei 23 bis 28 Grad awer net un. Um Sonnde gëtt et séier méi wollekeg, de Reen sollt sech awer nach bis an d’Nuecht op de Méinden zréckhalen. Et gi Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad areecht.