De Wochenausbléck: Mëll bis waarem & heiansdo naass

Iwwert de Weekend hu mir e klengen Ausfluch an eng spéitwanterlech Situatioun gemaach, woubäi lokal souguer nach e bësse Schnéi konnt leie bleiwen. A nächster Zäit wärt et vir Schnéi awer bei wäitem ze waarem ginn.

Kill Loftmasse gi no a no verdriwwen

Ufanks der Woch ginn déi kill Loftmassen, déi de Weekend iwwer iwwert eise Käpp houngen, a Richtung Nordweste verdriwwen. Aus Südweste ginn no a no méi mëll Loftmassen op Mëtteleuropa gelenkt, déi eis Temperaturen um Buedem séier klamme losse wärten.

Um Méinde muss een hoffen, dass de Niwwel matspillt a sech beschtefalls nach an de fréie Moiesstonnen opgeléist kritt. D’Temperature leien am Norden tëschen -1 an 2 Grad, am Süden ass mat 0 bis 3 Grad ze rechnen. Plazeweis an enk begrenzt kéint et nachemol vir glaat Streckenofschnëtter duergoen. Am Laf vum Dag, wann de Niwwel fort ass, gëtt et schéi sonneg. D’Temperature packen et op 12 bis 17 Grad, also méi wéi 10 Grad iwwert deem, waat mir de Weekend haten! De Wand ass awer zäitweis spierbar aus Osten ënnerwee.

Um Dënschden an och um Mëttwoch klëmmt awer nachengkéier kuerz d’Wahrscheinlechkeet vun e puer Schaueren. Den Dënschden erliewe mir dëst am wahrscheinlechsten am Stil vun engem Sonn- Wolléckemix, wou et dann heiansdo tëschenduerch mol reene kann. D’Wahrscheinlechkeet vu Schauere gëtt um Owend awer ëmmer méi héich, soudass et spéitstens ab der Nuecht op de Mëttwoch verbreet naass gëtt. Am Dag leien d’Temperaturen tëschen 11 a 15 Grad. De Mëttwoch gëtt am Allgemengen en éichter groen Dag, wou et ëmmer rem reene kann. Kaal gëtt et awer net, et ass vun 12 bis 17 Grad auszegoen. De Wand ass kaum ze spieren.

Flott Aussiichten

Ech menge kee wier béis, wann déi momentan Simulatioune géife bäibehaale ginn. Vum Donneschden un bis an de Weekend era soll sech nämlech schéi sonnegt a frëndlecht Wieder duerchsetze kënnen. Mat Hëllef vun der Sonn kéinten eis Temperaturen op Werter vun iwwer 20 Grad klammen.

Den Trend, dass d’Temperature weider klammen, ass confirméiert. Et ass just nach net gewosst, wéi wäit se tatsächlech klamme wärten. Météo Boulaide wärt Iech dozou um Laafenden haalen!

Kill Loftmasse gi verdrängt (ICON – wxcharts.com)