De Wochenausbléck: Mëtt der Woch däitlech iwwer 10 Grad méiglech

Wanterwieder ass – bis op eenzel Nuechte mat lokalem Frascht – keent ze erwaarden. Och dei nei Woch wäert vill ze mëll fir d’Joreszäit ausfalen.

Just heiansdo mol eng Stéierung

Haaptsächlech bleiwe mir, genee wéi och déi lescht Woch schon, ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock. Just heiansdo kommen eis Déifdrockgebitter mat hire Frontesystemer aus Weste méi no, déi eis da kuerzzäiteg och mol Reen oder Wand brénge kënnen. Och am weidere Verlaf vum Januar ass aus aktueller Siicht gesi kaum domat ze rechnen, dass sech des Grousswiederlag eeschthaft ëmstelle wäert.

Mir starte viraussiichtlech mat méi déckem Niwwel an déi nei Woch eran, dat mat Temperature vu -2 bis 2 Grad an de Moiesstonnen. Et ass plazeweis mat glate Stroossen ze rechnen. Am Laf vum Mëtten a Nomëtte gi Maximaltemperature vun 1 bis 5 Grad areecht, de Wand ass nëmme schwaach aus Südwesten ënnerwee. Enger Rëtsch Modeller no sollt sech de Niwwel net oder nëmme schwéier opléise, soudass et wuel zu engem méi groen Dag komme kéint. Och um Dënschde starte mir mat engem groen Himmel an den Dag eran, ier et am Laf vum Dag a klenge Schrëtt manner wollekeg gëtt. Méiglecherweis ass d’Sonn awer schon um Ënnergoe, wann dat de Fall ass. 6 bis 9 Grad sinn ze erwaarden.

Bis zu 10 Grad ze waarm fir d’Joreszäit (GFS / wxcharts.com)

Eventuell bis zu 15 Grad an der zweeter Wochenhalschend

Mëtt der Woch hu mir et mat héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an déiwem Loftdrock iwwert de briteschen Inselen ze dinn. Dotëscht stréimt kuerz méi waarm Loft aus dem Südwesten op Lëtzebuerg, wat de Grond fir déi kuerz méi héich Temperaturen ass. Um Mëttwoch ass et meeschtens gro an et reent ëmmer rem. Bei dësem ongemittleche Konditiounen ass awer mat Temperature vu 9 bis 12 Grad ze rechnen. De Wand bléist liicht spierbar aus Südwesten.

Den Donneschde reent et nach bis an de Virmëtten eran, ier et awer no a no méi drëche gëtt. Dëst ass awer net vu laanger Dauer, well an der Nuecht op de Freide schon de nächste Reen aus Westen eragezu kënnt. Am Dag ass mat Maximaltemperature vun 10 bis 15 Grad ze rechnen. Dëst wier bis zu 10 Grad méi waarm wéi dat, wat fir dës Joreszäit eigentlech normal ass. Och um Freide sollen d’Wolleken dominéieren, an de Moiesstonne kann et nach reenen. Et gi 9 bis 12 Grad areecht. Iwwert de Weekend soll sech och net vill änneren an et bleift mat Temperature vun em 10 Grad am Dag alles anescht wéi wanterlech.