
Weiderhi fraschteg Nuechte méiglech
Um Méinde spiere mir nach e bëssen eppes vum liicht wanterleche Charakter. Et ass meeschtens bedeckt, dobäi ass mat Schaueren ze rechnen. An de Moiesstonne kënnen des Schaueren als Schnéi erofkommen a fir entspriechend Stroossekonditioune suergen. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a packen et am Verlaf vum Dag op 1 bis 4 Grad. De Schnéi geet op de meeschte Plazen also rem a Reen oder Schnéireen iwwer, iwwerdeems et op de Koppen demno wéi bis an den Owend eran ëmmer rem zu Flacke komme kann. De Wand packt et an de Spëtzten op 40 km/h a mecht et nach e bësse méi ongemittlech.
Och um Dënschde si vill Wolleken resp. Niwwel ënnerwee, mat Chance ass awer och mol e kuerze Moment net auszeschléissen. Dobäi solle kaum Nidderschléi erofkommen, ofgesi vum Niwwel. D’temperature packen et am Dag op 1 bis 6 Grad, de Wnad ass nëmme schwaach ënnerwee. An der Nuecht ass rem mat Niwwel ze rechnen, d’Temperature falen op 1 bis -3 Grad. Et ka glat ginn. Um Mëttwoch stinn d’Chancen d’Sonn ze gesi, schon e bësse besser. Déi eenzeg Viraussetzung: de Niwwel muss sech séier genuch opgeléist kréien. D’Temperaturen areechen 3 bis 8 Grad a falen an der Nuecht op den Donneschde rem op 3 bis -1 Grad.

Zweet Wochenhalschend méi mëll
An der zweeter Wochenhalschend ass haaptsächlech dagsiwwer mat méi mëllen Temperaturen ze rechnen. An de Nuechte kann et nach plazeweis fréieren an och zu glate Stroosse kommen. Den Donnesche sinn aus aktueller Siicht gesi vill Wolleken ënnerwee, woubäi et awer meeschtens drëche bleiwe sollt. D’Temperature klammen op 4 bis 7 Grad. De freiden an och de Samsde bleift et oft gro, heiansdo ass och mol eng Schauer drënner. D’Temperature packen et um Freiden op 4 bis 7 Grad, de Samsden an de Sonnde gëtt et mat 8 bis 11 Grad nach en Tick méi mëll.