De Wochenausbléck: Mëttwoch knapp 20 Grad, duerno geet et erëm biergof

Eng weider déifdrockdominant Woch steet eis bevir. Am Laf vun der Woch kann och de Wand ëmmer méi en Thema ginn.

De Mëttwoch gëtt de wäermsten Dag vun der Woch

Eng weider Woch mat ville Wolleke steet eis bevir, déi eis weiderhi Nidderschléi op Lëtzebuerg bréngen. Enn der Woch kéint et aktuelle Modellrechnunge no esouguer sinn, dass de Wand uerdentlech opfrësche kéint – mee dat ass nach Zukunftsmusek.

Mir starten de Méinde mat ville Wolleken, et bleift awer nach meeschtens dréchen. D’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad, am Laf vum Nomëtte gi Maximalwäerter vun 10 bis 14 Grad areecht. De Wand bléist liicht spierbar aus Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. D’Wolleke ginn ëmmer méi kompakt, spéitstens am Nomëtte kënnt de Reen zréck an d’Land. Bis an d’Nuecht op den Dënschden era bleift e bei eis, d’Temperature ginn an der zweeter Nuetshallschent op 12 bis 8 Grad zréck. Um Dënschdemoie geet et direkt mam Reen virun, d’Temperature bleiwen an dësem Beräich. Réischt am fréie Nomëtte verléisst eis de Reen a Richtung Däitschland, et gi Maximaltemperature vu 14 bis 17 Grad erwaart. De Wand ass mat Spëtze vu 35 km/h zäitweis spierbar aus West- Südwesten ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht bleift et zwar meeschtens wollekeg, mee reene sollt et net méi. Et ass mat Niwwelfelder ze rechnen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Et gëtt méi lefteg

De Mëttwoch si vill Wolleken ënnerwee, et sollt awer wäitgoend dréche bleiwen. Just punktuell ass mol eng Schauer dobäi. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vu 16 bis 19 Grad. Et ass domat de warscheinlech wäermsten Dag vun der Woch. Den Donneschden zitt et schonn erëm zou, spéitstens vum Virmëtten u kënnt aus Westen neie flächendeckende Reen an d’Land gezunn. D’Temperature klammen am Nomëtte nach op 13 bis 17 Grad, an de Spëtzte packt et de Wand op 45 km/h aus Westen. An der Nuecht op de Freide gëtt et kuerzzäiteg méi dréchen, ier et um Freidemoien erëm ugeet mam Reen. D’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Nomëtten op Maximalwäerter vun 11 bis 15 Grad. An de Spëtzte sinn aktuelle Modellrechnunge no stiermesch 75 km/h méiglech. Och um Samsde soll et duerch Wandspëtzte bis 50 km/h stramm lefteg bleiwen, dat nach bei 11 bis 14 Grad. Um Moie kann et nach staark reenen, ier et am Nomëtten ëmmer méi dréche gëtt. De Sonnde bleift et staark wollekeg, et kann ëmmer nach reenen. Et gi Maximaltemperature vun 11 bis 15 Grad areecht.