De Wochenausbléck: Mir bleiwen ënnert dem Afloss vu polare Loftmassen

Ganz ofgesinn wou Schnéi fält a wou net, hu mir et an der neier Woch weiderhi mam Afloss vu polare Loftmassen ze dinn.

Haaptsächlech Déifdrockafloss

Déiwe Loftdrock huet eis weiderhin ënner Kontroll, mat dobäi dann och déi polar Loftmassen. Doduerch wäert et am Laf vun dëser Woch ëmmer erëm méiglech sinn, dass et schneit – heiansdo och mol op méi niddrege Plazen. Besonnesch am Norde kann et zäitweis erëm zu méi staarkem Schnéifall kommen.

Um Méinde sinn de ganzen Dag laang eng Partie Wolleken ënnerwee. Mir starte bei tëscht -1 an 2 Grad a packen et am Laf vum Nomëtten op e Maximum vun 1 bis 4 Grad. Op de Koppen am Norde bleift et am keelsten, am Südoste vum Land hu mir déi wäermst Temperaturen ze erwaarden. Et ass duerch den Dag verdeelt mat eenzelne Nidderschléi ze rechnen, déi op de Koppen erëm als Schnéi erofkommen, soss ass et och oft Schnéireen. Op de niddrëge Plaze, wéi z.B d’Muselgéigend, dominéiert éischter de Reen. An der Nuecht op den Dënschde kann et op de Koppen deemno wéi erëm e bësse méi kräfteg schneien. Um Dënschde selwer bleift et de ganzen Dag bedeckt, den Thermometer packt et op 1 bis 4 Grad. Ëmmer erëm si Schnéischauere méiglech, méi wäit ënnen ass et Schnéireen. Laanscht d’Musel ass et erëm meeschtens nëmme Reen. An der Nuecht op de Mëttwoch kann am Norden op ee Neits méi staarke Schnéifall opkommen. Um Mëttwoch bleift et bedeckt a variabel, kuerzzäiteg sonneg Momenter si net onméiglech. Et bleift awer net nidderschlagsfräi, dat bei 0 bis 4 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Wanter bleift bei eis

Och an der zweeter Wochenhallschent bleift de Wanter zu Lëtzebuerg. Um Donneschde sinn 1 bis 4 Grad ze erwaarden, dobäi kënnt et erëm zu Schnéifall op de Koppen – soss ass och mol erëm Schnéireen a Reen dobäi. Um Freide geet et mat Schnei wanterlech virun, 0 bis 3 Grad stinn um Programm. De Wand ass nëmme schwaach aus südwesten ënnerwee. Um Samsde kann et ëmmer nach schneien, méi wäit ënne reenen. 0 bis 3 Grad sinn ze erwaarden als Maximum. Um Sonnde bleift et viraussiichtlech meeschtens bedeckt mee gréisstendeels dréchen. D’Temperature leien dagsiwwer tëscht -1 an 2 Grad.