De Wochenausbléck: Mix aus Wolleken, Reen an eenzelne sonnege Momenter

An der neier Wiederwoch sti mir gréisstendeels ënnert dem Afloss vun enger mëller südwestlecher Stréimung.

De Wanter ass an der Vakanz

Trotz dem éischte klengen “Duerchbroch” vu méi wanterlechem Wieder an der vergaangenen zwou Woche wäert dës kommend Woch net méi vill mat Wanterwieder um Hutt hunn. D’Stréimung ass eng südwestlech, déi eis mëll an och zäitweis fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg bréngt.

E naasse Wochestart

Um Méindemoie kommen aus Westen ëmmer méi déck Wolleken eragezunn, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vu 7 bis 10 Grad. Et zéie vill Wolleken duerch, d’Sonn huet keng all ze gutt Chancen an et ass och ëmmer erëm mol e Schluet dobäi. D’Reenaktivitéit gëtt a Richtung Owend awer ëmmer manner. Eis begleet e liichten bis liicht spierbare Südwand duerch den Dag, deen et an de Spëtzten op 30 km/h packt. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, aus Weste kënnt weidere Reen an d’Land eragezunn, dee sech och méi laang bei eis hale kann. Dëse Reen läit och nach um Dënschdemoien iwwert eis, d’Temperature sinn onverännert. Mëttes an am Nomëtten ass mat engem Maximum vun 8 bis 12 Grad ze rechnen, eréischt vum spéidere Nomëtten u gëtt et manner naass – et bleift awer wollekeg. An der Nuecht op de Mëttwoch verzéie sech déi meescht Wolleken, de Niwwel léisst awer net laang op sech waarden. D’Temperature pendle sech tëscht 4 a 6 Grad an.


De viraussiichtleche Loftmasseverlaf fir dës Woch | Animatioun: wxcharts.com

Et geet variabel virun

Um Mëttwoch starte mir mat vill Niwwel an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a packen et am Verlaf vum Dag op 7 bis 10 Grad. Soubal sech de Niwwel opgeléist huet, hu mir et zwar nach mat enger Partie Wolleken ze dinn, mee d’Sonn soll sech och heiansdo kënne weise kommen. De Wand bléist liicht spierbar aus Südosten a packt et an de Spëtzten op 35 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, aus Weste gëtt et schonn erëm lues a lues méi wollekeg. Um Donneschde sinn schonn erëm méi Wolleke bei eis ënnerwee, et kann zäitweis zu liichte Nidderschléi kommen. Et si Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad ze erwaarden. Um Freide kéint sech e Sonn- Wollekemix duerchsetzen, dat bei 5 bis 10 Grad. De Samsde soll eis dem aktuelle Stand no eng Kalfront passéieren, déi eis erëm entspriechende Reen brénge soll. Et ass mat Maximaltemperature vun tëscht 9 an 12 Grad ze rechnen. Um Sonnde soll et aus aktueller Siicht gesinn zimmlech ongemittlech ginn, dat mat engem spierbare Wand a vill Reen. 7 bis 10 Grad stinn um Programm.