De Wochenausbléck: Modeller verlängeren iwwerduerchschnëttlech Oktober-Wiermt

A Richtung Mëtt der Woch hätt et eigentlech solle lues a lues méi kal ginn, mee déi rezent Modellrechnunge sinn anerer Meenung.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis e Mëttwoch sti mir mol nach, ouni Fro, ënner Héichdrockafloss. Zur selwechter Zäit läit e grousst Déifdrockgebitt iwwer Nordeuropa, wat eis an der Nuecht op den Donneschden eng schwaach Kalfront an d’Groussregioun schéckt. Dës passéiert eis net wierklech vu West no Ost, mee se schläift quasi horizontal iwwert eis ewech a mécht hannendrun direkt erëm Plaz fir waarm Loftmassen aus dem déiwe Südwesteuropa. Mat dëser Beweegung verlagert sech den Héichdrock-Schwéierpunkt erof an de Mëttelmierraum, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert den Atlantik regéiert.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis an enger Woch | Animatioun: wxcharts.com

Duerch dës Konstellatioun ginn tëscht dem Donneschden an dem Freiden weider iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen ugezapt, déi eréischt de Weekend kéinten aus dem Land verdrängt ginn. Domat géif déi spéitsummerlech Oktober-Wiermt weider verlängert ginn.

De Verlaf

Mat dësen Informatiounen am Hannerkapp kréie mir et mat engem rouegen, mee tendenziell méi wollekegem Méinden ze dinn. De Moment leien d?Temperaturen tëscht 9 an 13 Grad, packen et am Nomëtten awer op e Maximum vun tëscht 20 a 24 Grad. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of an et bleift dréchen. Muer um Dënschden erwaart eis en änlechen Dag bei och 20 bis 24 Grad als Maximaltemperaturen. De Reen ass weiderhi keen Thema. Am Laf vum Mëttwoch gëtt et no a no méi wollekeg, well eis eng Kalfront méi no kënnt – e groussen Effekt huet dëst awer net, d’Temperature packen et op weiderhi vill ze waarm 21 bis 24 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et kuerzzäiteg méi variabel. En Donneschden an och e Samsden gëtt et eng kleng Chance op e bësse Reen, mee et wäert sech net ëm wierklech grouss Quantitéiten handelen. En Donneschde selwer ass et wollekeg mat eenzelne sonnege Momenter, schwaach Schauere si méiglech bei 17 bis 19 Grad. E Freide geet et erëm biergop mat den Temperaturen, mir peilen 21 bis 26 Grad un. E Samsde geet et erëm biergof mat 16 bis 20 Grad an e Sonnde kéint eis dann definitiv eng Ofkillung duerch 10 bis 13 Grad erwaarden.

Am Südweste vun Europa verbreet iwwer 25 Grad

Deemno wéi kann et och heiheem nach eng Kéier kuerz 25 oder 26 Grad waarm ginn, mee definitiv verbreet trieden dës Wäerter an dëser Woch am Südweste vun Europa op. A Südwestfrankräich sinn ëm 30 Grad méiglech, genee esou awer och iwwer Deeler vu Spuenien a Portugal.