De Wochenausbléck: No a no méi sonneg an och méi summerlech

Den Héichdrockafloss wiisst, vun der zweeter Wochenhalschend un gëtt et och rem e Stéck méi waarm.

Temperaturen um Wee an de summerleche Beräich

Enn August probéiert sech de Summer wuel scheinbar rem bësse méi duerchsetzen ze kënnen. Den Héichdrockafloss hëlt zou an et ginn de momentane Wiedermodeller no ab Mëtt der Woch rem no a no méi waarm Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa transportéiert.

Mir starten um Méinde nach mat enger Partie Wollécken an déi nei Woch eran, dobäi weist sech d’Sonn awer och tëschenduerch an et sollt bei Maximaltemperature vu 19 bis 25 Grad meeschtens drëche bleiwen. De Wand ass net méi sou spierbar ënnerwee, wéi um Sonnden zäitweis, mee bléist an de Spëtzte nach mat 35 km/h aus West- Südwesten. Och um Dënschden zéien zäitweis nach méi déck Wollécken duerch, woubäi et awer drëche bleiwe sollt an d’Sonn och duerchkomme wäert. D’Temperature pendle sech am Nomëtten tëscht 18 an 23 Grad.

Am Laf vun der Woch areechen eis no a no méi waarm Loftmassen (GFS – wxcharts.com)

Vum Mëttwoch un wäert sech d’Sonn däitlech besser duerchgesat kréien. Scho moies fréi starte mir mat vill Sonn an den Dag eran, just an den Däller am Norde kann et mol zu eenzelne Niwwelfelder kommen. No Temperature vu 7 bis 14 Grad um Moie klammen d’Wäerter am Nomëtten op maximal 20 bis 25 Grad.

An den Deeg gesäit et de momentane Berechnunge no esou aus, wéi wann ëmmer méi just nach e puer kleng an harmlos Wollécken ënnerwee wieren. D’Sonn dominéiert bei Temperaturen, déi um Donneschden an de Beräich vun den 23 bis 28 Grad klammen. Och an den Deeg drop kann et nach e bësse méi waarm ginn, virun allem um Weekend selwer. Summerlech gëtt et wuel nachengkéier, héichsummerlech, wann iwwerhaapt, just ganz lokal begrenzt.