De Wochenausbléck: Nuets lokal Buedemfrascht, am Dag no a no méi waarm

Am Laf vun dëser Woch wäert sech no a no ëmmer méi stabilen Héichdrock breet maachen.

Lokal rem Buedemfrascht méiglech

Ufanks der Woch kann et nach méi oft zu ville Wolleke kommen – dat, well mir nach ënner liichtem Afloss vun déiwem Loftdrock stinn.

Sou starte mir um Méinde nachemol mat enger ganzer Partie Wolleken an déi nei Woch eran, woubäi sech d’Sonn awer och tëschenduerch weise komme kann. D’Temperaturen areechen am Nomëtte 15 bis 19 Grad, am spéidere Nomëtte gëtt et méi wollekeg. Trotzdem sollt et op den allermeeschte Plazen drëche bleiwen. An der Nuecht si just nach e puer Wolleken ënnerwee bei 10 bis 6 Grad, am Norde kann et an den Däller souguer op 3 Grad zréckgoen. Buedemfrascht ass méiglech.

Um Dënschden hu mir et schon éischter mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn, d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren ass nach méi kleng. Am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 18 bis 22 Grad ze rechnen, dat bei engem schwaache Nordwand. An der Nuecht op de Mëttwoch kläert et rem op, sou dass et rem richteg kaal ka ginn. Am Rescht vum Land si rem 11 bis 6 Grad ze erwaarde, just am Norde kann et an den Däller bis op 2 Grad ofkillen. Iwwerdeems ass Buedemfrascht souguer ganz wahrscheinlech.

No a no fléisse méi waarm Loftmassen a Richtung Europa. D’Iwwerreschter vum Ex-Tropestuerm GABRIELLE spillen do och eng kleng Roll (GFS – wxcharts.com)

Mëttwoch Iwwergangsdag, dann sonneg

Um Mëttwoch ass et aus aktueller Siicht gesi bis an de Nomëtte ganz frëndlech mat vill Sonn, ier et aus westleche Richtungen ëmmer méi gro gëtt. Trotz dëse ville Wolleke sollt et drëche bleiwen, dat bei Dagesmaximaltemperature vu 19 bis 23 Grad. An der Nuecht wäert et iwwrëgens net méi sou gutt ofkille kënne, well mir et mat méi Wolleken ze dinn hunn. Mat Wäerter vun 10 bis 14 Grad ass schon e gréisseren Ënnerscheed ze erkennen.

Den héije Loftdrock kritt sech an der zweeter Wochenhalschend réischt sou richteg duerchgesaat resp. stabiliséiert. Bis Enn der Woch kéint sech sou e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken duerchsetzen, wou d’Sonn awer scho méi d’Iwwerhand hätt. Eis Temperature géife rem op méi Plazen am Land op iwwer 20 Grad klamme kënnen an d’Wahrscheinlechkeet vu Nidderschléi géif signifikant falen. Um Donneschde kéinte momentane Berechnunge no beispillsweis bis zu 23 Grad am Nomëtte gemooss ginn, um Freiden an och um Samsde knapp iwwer 20 Grad.

Loftmassefilm laut aktuellem Stand (08.09.2019) vum Freide bis den Dënschden (GFS – wxcharts.com)

An e klenge Bléck an d’Glaskugel gëtt et och nach: An der Woch drop kéint et eventuell nachemol zu der Zoufuer vu méi waarme Loftmasse kommen. Et ass zwar nach laang bis dohin, mee kënnt et, wéi aktuell berechent, da kéinte lokal rem bis em 25 Grad areecht ginn. Mee w.e.g nach mat Virsiicht genéissen: Et ass nach laang bis dohin!