Am Temperatur-Update vu gëschter hu mir eis haaptsächlech op d’Fro konzentréiert, wéi waarm et gëtt. Haut kucke mir eis dat allgemengt Bild un an och, wéi laang et esou ka virugoen.
D’Grousswiederlag
E groussen Héichdrockblock, an dësem Fall Omega-Wiederlag genannt, leet sech iwwer Europa. Dës Wiederlage sinn dofir bekannt, iwwert eng méi laang Zäit kënnen unzehalen a sinn ënnert anerem an hirer extreemer Form och fir markant Dréchenten an Hëtztwellen bekannt. Mir hunn awer an Tëschenzäit September, wouduerch dat vollt Potenzial net méi kann ausgenotzt ginn.
Mir leien also ënner stabilem Héichdrockafloss, deen u senger westlecher esouwéi och ëstlecher Flank vun déiwem Loftdrock “a Positioun” gehale gëtt. Reene sollt et dës Woch net, ausser et sollt sech a Richtung Weekend nach eppes an de Modellrechnungen änneren.
De Verlaf
Haut um Méinde si mol nach zäitweis e puer Schleierwolleken ënnerwee, soss ka sech d’Sonn awer erëm gutt weise kommen. Reene wäert et net, eis Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad. Biergop geet et muer um Dënschden, wou och d’Wolleke sech e bësse manner weise wéi haut um Méinden. No engem fir d’Joreszäit mëlle Moie mat 14 bis 16 Grad geet et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 25 an 28 Grad erop. Et ass schéi sonneg an déi lescht Wolleken zéien duerch. Fir e Mëttwoch gëtt et net vill aneres ze mellen, et bleift frëndlech, sonneg a waarm bei 25 bis 28 Grad.
An der zweeter Wochenhallschent bleift d’Sonn um RDV bei 25 bis 28 Grad um Donneschden, 26 bis 28 Grad um Freiden, 25 bis 29 Grad um Samsden a viraussiichtlech 25 bis 28 Grad um Sonnden. Entweder um Sonnde selwer oder am Ufank vun der nächster Woch klëmmt awer de Risk vu Schaueren an Donnerwieder.
Den europäesche Modell gesäit ronderëmt de Mëttwoch, 13. September eng Ofkillung kommen, iwwerdeems den amerikanesche Modell eréischt e Freide, 15. September mat enger markanter Kalfront rechent.