De Wochenausbléck: Omega- Wiederlag huet eis am Grëff

Eng Omega- Wiederlag huet eis voll am Grëff. Dat ass och de Grond, fir dat stabilt Héichdrockwieder. Reen ass keen Thema.

Omega- Wiederlag bréngt eis stabilt Wieder

Héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa, déiwe Loftdrock um Atlantik an iwwert dem oste vum Kontinent – dës Konstellatioun gëtt och nach Omega- Wiederlag genannt, well et op de Geopotenzialkaarte wéi de griichesche Buschtaf Omega ausgesäit. Dës Lage sinn dofir bekannt, immens stabil ze sinn a kënne net sielen iwwer eng Woch unhalen.

Mir starten d’Woch mat vill Sonn an e puer eenzelne Wolleken, reene wäert et net. An de Fréistonne leien d’Temperaturen tëscht 10 an 12 Grad a klammen am Nomëtten op Maximalwäerter vun 20 bis 24 Grad. De Wand ass nëmme schwaach aus Nordwesten ënnerwee, just zäitweis si mol Spëtzte bis 35 km/h méiglech. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschde gëtt et nach manner wollekeg, et ass also meeschtens kloer. D’Temperature falen op 11 bis 7 Grad. Den Dënschde soll sech d’Sonn nach besser duerchsetze kënne, well nach manner Wolleken ënnerwee sinn. Nodeems d’Temperature moies fréi tëscht 8 an 12 Grad geleeën hu, klamme se am Nomëtten op e Maximum vun 20 bis 24 Grad.

Déi momentan Grousswiederlag (ECMWF – wxcharts.com)

Bis zu 28 Grad an driwwer an der zweeter Wochenhallschent?

D’Wiedermodeller GFS an ECMWF si sech de Moment (18.05.2020 – 02:15) zimmlech sécher, dass waarm Loftmassen aus Afrika ugezaapt ginn. Sollte sech des Berechnungen duerchsetzen, da wier mat enger wierklech waarmer a summerlecher zweeter Wochenhallschent ze rechnen.

De Mëttwoch wiessle sech d’Sonn an e puer kleng an harmlos Wolleken of. Moies starte mir mat engem kloren Himmel an Temperaturen, déi tëscht 13 a 15 Grad leien. Mëttes an am Nomëtten areeche se e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad, et bleift drëchen a frëndlech. De Wand bléist méi schwaach wéi an de leschten Deeg aus Nordosten. Den Donneschde solle mir et mat engem ganz änlechen Dag ze di kréien, d’Temperature solle just nach méi wäit klamme kënnen. Tëscht 25 a 29 Grad sinn de momentane Modellrechnunge no méiglech, dat bei engem schwaache Südostwand. An de Nuechte ginn d’Wäerter och nëmme nach op em 10 Grad zréck. De Freiden an de Samsde si viraussiichtlech rem e puer eenzel méi déck Wolleken ënnerwee. Trotz enger klenger Schauerwarscheinlechkeet sollt et awer meeschtens drëche bleiwen. Um Freide sinn 21 bis 25 Grad ze erwaarden, de Samsde 15 bis 20 Grad. Um Sonnde si 15 bis 20 Grad ze erwaarden, Sonn a Wolleke wiessle sech of.