Flacken op de Koppe net auszeschléissen
Nodeems et de Samsden op de Koppen am Norden zu den éischte Schnéischauere vum Wanter 2019/2020 komm ass, kann et och a nächster Zäit mol virkommen, dass net nëmme Reen ënnert de Nidderschléi ass. Dëst wäert awer, wann iwwerhaapt, haaptsächlech op méi héich geleeëne Plazen de Fall sinn – am Süden ass et méi onwahrscheinlech.
Mir starten de Méinde plazeweis mat ganz vill Gléck nach mat sonnege Momenter, soss ass et awer meeschtens gro duerch Niwwel. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad, soudass plazeweis glat Stroossen en Thema kënne sinn. Am weidere Verlaf vum Dag areecht eis aus westleche Richtungen eng Front, déi eis nach méi Wolleke mee haaptsächlech Reeschauere brénge wäert, dat bei 4 bis 9 Grad. De Wand ass spierbar ënnerwee a packt et op ëm 40 km/h. An der Nuecht op den Dënschde kann et op de Koppe virkommen, dass de Reen a Schnéireen oder kuerzzäiteg a Schnéi iwwergoe kann. Um Dënschde selwer besteet d’Wahrscheinlech dovu nach bis an de spéidere Virmëtten, ier et awer iwwerall nëmme nach Reen sollt sinn, deen erofkënnt. Am Nomëtten ass nach mat Maximaltemperature vun 3 bis 8 Grad ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht sollt et ëmmer manner reenen, et bleift awer wollekeg resp. niwwleg.
Et läit oft um Niwwel
De Mëttwoch leie mir viraussiichtlech ënner liichtem Héichdrockafloss, ier lues awer sëcher rem déiwe Loftdrock iwwerhëlt. Ëm dës Joreszäit ass et bei Lagen mat héijem Loftdrock normal, dass et mol e ganzen Dag laang gro duerch Niwwel bleiwe kann. D’Sonn huet einfach net méi genuch Kraaft, fir e séier genuch oder iwwerhaapt opléisen ze kënnen. Sou kann et also sinn, dass de Mëttwoch en zimmlech wollekegen a groen Dag kéint ginn bei 3 bis 7 Grad. Reene sollt et net.
Den Donneschden ass et meeschtens wollekeg duerch en Déif, wat ganz lokal Nidderschléi brénge kann. D’Temperaturen ännere sech nach net wierklech, mir leie bei Maximalwäerter vu 5 bis 8 Grad. Vum Freiden un an och de Weekend selwer sollen d’Wolleke weiderhin dominéieren an et ass mat Schaueren a kille Nuechten ze rechnen.
Déi détailléiert Prognose fir déi nächst dräi Deeg fannt Dir wéi ëmmer ënnert dësem Link.