De Wochenausbléck: Reen bleift weiderhi rar, Temperature klamme rem

Héije Loftdrock kritt sech an dëser Woch rem besser zu Lëtzebuerg duerchgesat. Dat bedeit, dass sech de Reen weiderhi rar mecht an d’Sonn sech oft a méi laang um Stéck weise kënnt.

Leftege Start

Mir starten allerdéngs eng Nummer méi lefteg an déi nei Woch eran. Duerch héije Loftdrock iwwer Norwegen an déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmier entsti gréisser Loftdrockdifferenzen – Lëtzebuerg läit genee dotëscht. Fir Loftdrockgéigesätz auszegläiche, ass Wand néideg. Dëse kréie mir vum Méinden u bis de Mëttwoch ze spieren – an de Spëtzte kënne lokal bis zu 65 km/h areecht ginn.

Um Méindemoien hu mir et allerhéchstens mol mat e puer klenge Wolleken oder lokal begrenzte Niwwelfelder ze dinn, dat bei 6 bis 9 Grad. Am Laf vum Mëtten a Nomëtte si Maximaltemperature vu 17 bis 21 Grad ze erwaarden, de Wand ass, wéi gesot, stramm ënnerwee. Aus ost- nordëstleche Richtunge kënne Spëtzte vu 65 km/h areecht ginn. Et bleift drëchen a schéi sonneg. Och um Dënschden ass mat engem änleche Bild ze rechne. Scho moies ass et frëndlech bei vill Sonn, mir starte mat Temperature vun tëscht 7 a 9 Grad. Am Nomëtte solle Maximalwäerter vun 18 bis 22 Grad areecht ginn, de Wand bleift mat Spëtzte vu bis zu 60 km/h e klengt Thema.

Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis de Sonndenowend (GFS – wxcharts.com)

Fréisummerlech Temperature méiglech

Vun der zweeter Wochenhalschend u komme rem liicht méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gefloss. D’Temperature klammen dowéinst dagsiwwer rem e bësse méi wäit. De Mëttwoch sinn, no engem frëndlechen a sonnege Start an den Dag, Maximalwäerter vun 20 bis 25 Grad ze erwaarden – zumindest mol aus aktueller Siicht gesinn (19. Abrëll 2020 21:38 Auer). Et bleift de ganzen Dag laang frëndlech, de Wand areecht an de Spëtzte nach Wäerter vu bis zu 50 km/h aus Osten. Um Donneschden hëlt de Wand weider of, an de Spëtzte si nach 30 km/h dran. D’Temperaturen areechen 22 bis 26 Grad. De Freide solle sech Sonn a Wolleken ofwiesslen, et bleift waarm bei 22 bis 26 Grad. Gleeft een aktuelle Modellrechnungen, da besteet de Samsden e minimale Risk vun enger Schauer oder engem Wieder. Dëse soll awer schon um Sonnde rem verflunn sinn. 18 bis 23 Grad sinn um Samsde méiglech, um Sonnde méiglecherweis 16 bis 20 Grad.