De Wochenausbléck: Rem méi variabel & méi kill

De Weekend war et schon däitlech méi sonneg a laang net méi sou naass wéi d’lescht Woch. Bemierkbar gemaach huet e sech am meeschten a Punkto Temperaturen, déi um Sonnden op bal 26 Grad geklomme sinn. Eng Ännerung ass awer scho rem ënnerwee.

Ufanks nach méi mëll

Ufanks der neier Woch bleift et mol nach méi mëll, réischt vum Mëttwoch u sollen d’Temperature néierens méi 20 Grad oder méi areechen. De Méinde starte mir mat e puer Wolleken an den Dag era, Niwwelfelder kënnen och mol dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad, klammen am Virmëtten awer op 15 bis 19 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte kënne méiglecherweis déi leschte Kéier fir dest Joer wäerter vun 20 bis 25 Grad areecht ginn. Et zéie nëmmen e puer Wolleken duerch an d’Sonn weist sech ëmmer rem. Just de Wand ass rem zäitweis méi präsent a ka Spëtzte vu 40 km/h areechen.

Den héije Loftdrock hëlt an der Nuecht op den Dënschden of, wou et aus westleche Richtungen hier ëmmer méi gro wäert ginn. D’Temperature falen op 16 bis 11 Grad, d’Reewahrscheinlechkeet klëmmt awer réischt a Richtung Dënschdemoien. Am Virmëtte gëtt et weiderhi méi wollekeg, éischt Schaueren treffen an. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximalwäerter vu 15 bis 20 Grad ze rechnen, et bleift gro an et kann ëmmer rem zu Schauere kommen. E kuerzt Wieder ka net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Wäerter op 11 bis 6 Grad zréck an et gëtt lues a lues manner gro a manner naass.

Weiderhin onbestänneg ab Mëtt der Woch

Aus aktueller Siicht gesi gëtt de Mëttwoch e variablen Dag, un deem déck Wolleken duerchzéie mee et och zu eenzelne sonnege Momenter komme kann. An der Fréi leien d’Temperaturen tëscht 7 an 11 Grad ier se am Nomëtten op 14 bis 17 Grad klammen. De Wand ass rem präsent a weist sech an de Spëtzte mat 40 km/h aus Süd- Südwesten. Vereenzelt Schauere sinn dran, mee et gëtt net iwwerall naass. Den Donneschde bleift et, trotz ville Wolleken, meeschtens drëche bei viraussiichtlechen 12 bis 17 Grad.

De Freide reent et virun allem an de Moiesstonnen, ier et ëmmer méi drëche gëtt. Am Laf vum Dag bleift et awer oft bedeckt, d’Sonn kënnt sech bei 12 bis 16 Grad heiansdo weisen. Och um Weekend selwer gi mir wahrscheinlech net vun e puer Nidderschléi verschount, dat bei ville Wolleken an engem spierbare Wand. Et ass eben Hierscht zu Lëtzebuerg.