De Wochenausbléck: Richtung Enn der Woch méi waarm, dozou just zäitweis naass

Et stinn zwar Momenter mat Reen un, mee se wäerten d’Woch awer net ausmaachen. Zumools fir de Schluss vun der Woch weist den Temperaturtrend erëm no uewen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser Woch leie mir ouni Zweiwel ënnert enger westlecher Stréimung. Dobäi läit den héije Loftdrock haaptsächlech iwwert dem Mëttelmierraum, huet seng Fanger awer och bei eis meeschtens am Spill. Den Ënnerscheed ass just, dass heiheem den Afloss vun déiwem Loftdrock awer och ëmmer erëm mat anzeberechnen ass.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Fir en Dënschden an och e Samsden ass beispillsweis vu Kalfronten auszegoen, déi eis e bësse Reen wäerte bréngen. De Wand spillt och zäitweis eng Roll.

De Verlaf

Haut um Méinden ass d’Woch zimmlech frëndlech ugaange, plazeweis ware just e puer Niwwelfelder aktiv. D’Temperature sinn op e Minimum vun tëscht 7 an 13 Grad zréckgaangen, packen et haut awer op e Maximum vun tëscht 21 a 24 Grad. Am Laf vum Dag kommen e puer vereenzelt Wolleken dobäi, et bleift awer frëndlech. Muer um Dënschde gëtt et änlech – op d’mannst bleift et nach zimmlech laang esou, ier et dann spéitstens vum spéidere Nomëtten un aus Westen ëmmer méi gro gëtt. Et kënnt eis eng Kalfront méi no, déi dann am Laf vum Owend, schätzungsweis ëm +/-20 Auer, wäert iwwert eis ewechzéien. Et ass mat Reen ze rechnen, deen spéitstens vun der zweeter Nuetshallschent un schonn erëm soll verschwonne sinn. Den Himmel kläert op. Ier dat alles awer kënnt, ginn am Dag 22 bis 26 Grad erreecht.

E Mëttwoch wiessele sech mol méi a mol manner déck Wolleke mat der Sonn of, bei 17 bis 21 Grad ass et awer ënnerduerchschnëttlech waarm. En Donneschden ännert sech dat awer erëm mat 21 bis 25 Grad, dobäi ass et erëm sonneg mat e puer Wolleken. Fir e Freide sinn d’Temperature just liicht méi héich, ier d’Modeller zanter de Moie fir e Samsden 23 bis 27 Grad op eis duerkomme gesinn – fir Owes kéint dann awer eng Kalfront mat Schaueren an Donnerwieder ustoen. E Sonnde wier et mat 17 bis 22 Grad awer schonn erëm méi kill, Sonn a Wolleke wiessele sech of.