De Wochenausbléck: Sonneg, ab dem Mëttwoch méi waarem

E Randdéif a vill Reen hunn eise Weekend bestëmmt – domadden ass et elo awer eriwwer: dës Woch mecht sech rem héije Loftdrock breet, deen eis zwar méi Sonn, mee ufanks nach méi kill Temperature brénge wärt.

Méi Sonn, mee awer nach e Stéck méi kill

Ufanks der neier Woch installéiert sech en Héichdrockgebitt iwwert der Nordséi an ass vir dat frëndlecht a sonnegt Wieder verantwortlech. Un den Temperaturen ännert awer nach näischt bis nëmme wéineg. De Grond: D’Héichdrockgebitt schëppt kill Loftmassen aus dem héije Norden op Mëtteleuropa, wouduerch d’Temperaturen, trotz der Sonn, net méi wäit klamme wärten. Bis Mëtt der Woch leien d’Werter am Dag tëschen 10 a 16 Grad, an de Nuechte mecht sech dat ganzt mat méiglechem Frascht am Norden (bei lok. bis zu -2 Grad) am beschte bemierkbar.

Am weidere Verlaf verlagert sech d’Héichdrockgebitt méi wäit an de Norden. Mir gerooden duerno an eng Oststréimung, déi eis méi waarm Temperature bréngt mee och rem eng Wahrscheinlechkeet vu Schaueren.

En Héich iwwert der Nordséi schëppt kill Loftmassen an eis Géigenden (GFS / wxcharts.com)

Den Iwwerbléck bis de Mëttwoch

Bis de Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wollécken of – direkt am Ufank, also um Méinde, sollte mir d’Sonn souguer am längsten ze gesi kréien. 11 bis 16 Grad kënnen areecht ginn.

Weider geet et um Dënschden an och um Mëttwoch mat e puer méi Wollécken, déi sech mat der Sonn den Himmel deelen. Bei deem ganze kënnt et awer normalerweis net zu Reen, déi meecht Modeller rechne mat 0 l/m² Reen bis de Méindenowend. Just eenzel Modeller, wéi den HIRLAM, rechne mat vereenzelten Drëppse mee kenge wierklech relevanten Akkumulatiounen. D’Temperature klammen um Dënschden op 10 bis 14 Grad, de Mëttwoch sinn et der 12 bis 16 Grad.

An duerno?

Ab dem Mëttwoch/Donneschde geroode mir, wéi uewe schon ungedeit, an eng östlech Stréimung, déi et zouléisst, dass méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg erugefouert ginn. Sonn a Wollécke wiessle sech mol nach ënnerdeneen of an et bleift um Donneschden an um Freide bei 14 bis 21 Grad drëchen. Aus aktueller Siicht gesinn klëmmt ab dem Weekend dann rem d’Wahrscheinlechkeet vu variablem Wieder, dat a Form vu vereenzelte Schaueren an Donnerwiederen.

Dës variabel Phase kéint ënner Ëmstänn rem méi laang unhaalen, dat awer bei mëlle bis eventuell souguer waarmen Temperaturen – sou gesäit et zumindest um GEFS Ensemble vum 13.05.2019 01:05 Auer aus. Soubal een eppes verlässleches soe kann, gidd Dir natierlech um Laafende gehaalen.