De Wochenausbléck: Spierbare Wand duerch Westwiederlag

Vun der Nuecht op de Sonnden un ass de Wand méi spierbar bei eis zu Lëtzebuerg ënnerwee. Dës Eegeschaft huele mir och bis an déi nei Woch mat eran.

Den Déifdrockafloss bleift

Een Déif jot dat nächst, iwwerdeems dobaussen um Atlantik déi gréisst Fläch vun héijem Loftdrock besat gëtt. Sou wéi d’Modellrechnungen de Moment ze deite sinn, ass vun enger weiderer variabler an oft méi naasser Woch auszegoen. Mir starten haut um Méinde mat vill Wolleken an déi nei Woch eran, dobäi ass ëmmer erëm mat Reen ze rechnen. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht 7 an 11 Grad a klammen a Richtung Nomëtten op Maximalwäerter vun 10 bis 12 Grad. Et gëtt also e nawell kille Wochestart. Mat dobäi kënnt e liefhafte Wand aus Süd- Südwesten, deen et an de Spëtzten op bis zu 50 km/h packt. Den Dag vu muer, den Dënschde, gëtt net vill aneschters. Et ass déi meescht Zäit wollekeg, Schauere bleiwe net aus. No 9 bis 12 Grad an de fréie Moiesstonnen ass am Nomëtte mat Héchstwäerter vun 11 bis 14 Grad ze rechnen. An de Spëtzte bléist de Wand mat 65 km/h aus West- Südwesten.


Et geet viru mat der Westwiederlag. | Animatioun: wxcharts.com

Zweet Wochenhallschent tendenziell bësse manner naass

Wéi et de momentane Modellrechnunge no ausgesäit, bleiwe mir an der zweeter Wochenhallschent ëmmer nach ënner Déifdrockafloss, mee et soll am Allgemengen e bësse manner oft reene wéi an der éischter Hallschent. De Mëttwoch reent et an de Moiesstonne nach méi verbreet, ier de Reen ëmmer méi a Schauerwieder iwwergeet. Am Nomëtte ka sech bei Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad d’Sonn heiansdo weise kommen. An de Spëtzte bléist de Wand mat 50 km/h. Um Owend an och an der Nuecht op den Donneschde gëtt et méi dréchen, et bleift awer oft wollekeg a nuetsiwwer och niwwleg. Um Donneschde selwer zéien e puer méi kompakt Wolleken duerch, et sollt awer wäitgoend dréche bleiwen. Et gi Maximaltemperature vun 10 bis 15 Grad ereecht. Um Freiden zitt dagsiwwer e Frontesystem duerch an et kënnt zu e puer Schaueren, spéiderhi gëtt et manner wollekeg an iwwer Nuecht sinn och méi kloer Momenter méiglech. Dagsiwwer ass mat 11 bis 16 Grad ze rechnen, an der Nuecht op de Samsde ginn d’Wäerter op 9 bis 7 Grad zréck a klamme vun do aus um Samsden op Maximalwäerter vun 11 bis 15 Grad am Nomëtten. E puer méi déck Wolleke bréngen eis eenzel Schaueren. Um Sonnde gi Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad ereecht, et gëtt ëmmer méi naass. En Déif soll mat séngem Kär genee iwwert eis ewechzéien. Ob dëst wierklech esou kënnt, muss awer nach ofgewaart ginn.