De Wochenausbléck: Stuermpotenzial bleift, dobäi vill Reen

De Stuerm EBERHARD ass um Sonnde mat Spëtzevitesse vu bis zu 109 km/h iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Och an der neier Woch bleiwe mir weiderhin an der Situatioun, dass et lëfteg an heiansdo souguer stiermesch bleift.

Gro a vill Reen, lëfteg bis stiermesch

Déi nei Woch geet mat ville Wollécken un, dobäi sinn duerch déi niddreg Temperature nach lokal déi eng oder aner Flacke méigleg. Eng bestänneg Schnéicouche ass allerdéngs net ze erwaarde, well d’Temperaturen dagsiwwer schon rem an de Plusberäich klamme wärten. Sou kéint een de Méinden ongeféier resuméieren, de Wand ka nachengkéier Spëtzte vu 70 km/h areechen. Lokal begrenzt sinn och Stuermstéiss vun ëm 75 km/h net auszeschléissen.

Eng éicht interessant Entwécklung erwaart eis um Dënschde, wou sech d’Modeller nach net ganz eenz sinn. Op alle Fall gesäit et awer no engem groen Dag aus, wou d’Temperaturen am Nomëtten op 5 bis 10 Grad klamme kënnen. Bis an de Nomëtten era soll et gréisstendeels drëche bleiwen, ier verschiddene Berechnunge no ab dem Owend d’Wahrscheinlechkeet vun engem méi markante Frontenduerchgang besteet. Am Beräich dovunner kéinten op e Neits Stuermstéiss vun em 80 km/h optrieden, ier et am weidere Verlaf vum Owend resp. der Nuecht op de Mëttwoch rem vir eng kuerz Zäit méi roueg gëtt. Interessant bleift et och nach um Mëttwoch, wou ab dem Mëtten/Nomëtte rem e méi groussflächege stiermesche Wand asetze kann. Vum aktuelle Stand aus gesi kënnen och do rem schwéier Stuermstéiss vun em 85 km/h virkommen, allerdéngs ass de geneeë Verlaf opgrond vun der zäitlecher Distanz nach net ganz gewosst. Mir mussen also nach e bëssen ofwaarden.

Déi ganz Woch iwwer wärt e méi staarken Jetstream iwwert eise Käpp aktiv sinn, deen dovir suergt, dass ëmmer rem Déifdrockgebitter a Stuermdéifer iwwert eis ewechrausche kënnen. Sou bleift dann och d’Wahrscheinlechkeet vu kräftege Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss bis de Sonnde mat bestoen. Während der gesamter Zäit reent et ëmmer rem, dat mat Momenter och méi zolitt. Déi héchst Wandvitesse sollte sech dagsiwwer op tësche 60 a 85 km/h belaafen, woubäi och hei muss gesoot ginn, dass et nach ze laang ass, vir an den Détail ze goen.

Egal wéi et kënnt, bis Enn der Woch kënne signifikant Nidderchlagsquantitéiten eroofkommen. Den amerikanesche GFS rechent mat 40 bis 80 l/m², demno wéi souguer 100 l/m².

Maximal Wandvitesse bis de Freiden (ICON, wxcharts.com)

Wéini leet sech de Wand?

Behaalen déi momentan Ensemblerechnunge recht, da wärt déi méi lëfteg bis stiermesch Phase ab der zweeter Halschend vum Mäerz lues a lues ëmmer méi ofhuelen. De Risk vu Stuermstéiss schéngt also dann zréckzegoen, soudass sech rem méi rouegt Wieder duerchsetze kann. Wat och opfällt ass, dass de GEFS a Richtung Abrëll mat däitlech méi héichen Temperature rechent an dass et och rem vill méi drëche soll ginn.