De Wochenausbléck: Summerlech waarm, mee vum Mëttwoch un Donnerwiederrisk

Wou summerlech Temperature sinn, ass och de Risk vun Donnerwieder net wäit.

Grousswiederlag

Bis Mëtt der Woch hu mir et nach gréisstendeels mat ongestéiertem Héichdrockafloss iwwer Mëtteleuropa ze dinn. Duerno awer kritt och mol méi déiwe Loftdrock e Wuert ze soen, wat sech duerch lokal begrenzt Schaueren an Donnerwieder weise wäert. D’Temperature loosse sech dovun awer net besonnesch beandrocken, et kann een also mat schmeierwaarme Konditioune rechnen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Ier et awer esouwäit ass, starte mir mat vill Sonn an déi nei Woch eran. Um Méinde schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall – d’Temperature packen et, nodeems se an de Moiesstonnen tëscht 9 an 11 Grad louchen, am Nomëtten op e Maximum vun 20 bis 23 Grad. Och den Dënschde gëtt mat 22 bis 26 Grad e ganz frëndlechen Dag, et zéien héchstens mol e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Reen ass keen ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus ëstleche Richtungen.

Vum Mëttwoch u klëmmt dann, wéi gesot, e klenge Risk vu lokale Wiederen. Am Ufank ass et nach frëndlech bei vill Sonn, wat sech och bis an de fréie Nomëtten eran zitt. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad. Am spéidere Nomëtte kann et dann lokal begrenzt net ausgeschloss ginn, dass et mol zu enger Schauer oder engem Wieder kënnt. Dëst betrëfft awer viraussiichtlech erëm just déi mannst vun eis. Dëse Risk huele mir och an den Donneschden resp. Freiden eran, esouguer nach e bësse méi markant. Um Donneschde sinn 21 bis 25 Grad ze erwaarden, de Freiden 22 bis 26 Grad. Trotz dem Wiederrisk kënnt d’Sonn sech bei engem Mix aus Sonn a Cumuluswolleke weisen. Um Samsde bleift de Sonn- Wollekemix bei eis, bei 22 bis 25 Grad soll et schonn erëm méi warscheinlech dréche bleiwen. Um Sonnden ännert sech net vill, et bleift vun den Temperaturen hier summerlech.