De Wochenausbléck: Temperature fale kuerz bis op ëm 20 Grad

An de nächsten Deeg ass et wuel erëm bësse méi onbestänneg, eis Temperature ginn och zréck. All ze laang unhale sollt dëst awer dann och net.

Grousswiederlag

Um Méinde sinn iwwer Mëtteleuropa nach e puer Donnerwieder duerch kleng Déifdrockgebitter ze erwaarden. Duerno verschwannen déi kleng Déifdrockgebitter a mir kënnen erëm méi uewerflächlech op d’Kaarte kucke wou sech ofzeechent, dass sech a Richtung Enn der Woch vu Westen hier erëm héije Loftdrock probéiert duerchzesetzen.


D’Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Méinde starte mir mat engem Mix aus Sonn a Wolleken an den Dag, dobäi ass heiansdo mat enger schwaacher Schauer ze rechnen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 21 a 27 Grad, et kann also esouguer nach liicht schmeier sinn. Um Dënschde sinn erëm méi Wolleken ënnerwee, déi eis dann mat enger gréisserer Warscheinlechkeet Reen op Lëtzebuerg brénge wäerten. 16 bis 21 Grad sinn dobäi ze erwaarden, och e Wieder kann tëschenduerch mol dobäi sinn. Um Mëttwoch geet et erëm méi dréche virun, dat bei engem Mix aus e puer méi décke Wolleken a sonnege Momenter. 18 bis 23 Grad stinn un.

Déi zweet Wochenhallschent soll sech dann och nach liicht méi variabel presentéieren. Sou ass den Donneschde viraussiichtlech erëm e wiesselhaften Dag duerch Sonn, Wolleken an eenzel Schaueren dotëscht, wou och mol e Wieder kann dobäi sinn. 18 bis 21 Grad ginn erreecht. Um Freide gëtt et erëm bësse méi frëndlech, et bleift gréisstendeels dréche bei 17 bis 23 Grad. De Samsde si mir mat 18 bis 23 Grad dobäi, d’Schauerwarscheinlechkeet gëtt méi kleng. De Sonnde gëtt et erëm summerlech mat 20 bis 25 Grad, Sonn a Wolleke wiessle sech of.