De Wochenausbléck: Temperature klammen a Richtung 30 Grad

An der neier Woch beweege sech eis Temperature vun engem liicht ënnerduerchschnëttlechen an e neutrale bis liicht iwwerduerchschnëttleche Beräich. De Grond? Et maache sech rem méi waarm Loftmassen op de Wee op Lëtzebuerg.

Méi waarm, net vill Reen

D’Temperature sinn also rem um Wee no uewen, d’Reequantitéiten awer net. Heiansdo wärt an der neier Woch mol eng Schauer oder och e Wieder méiglech sinn, mee meeschtens bleift et awer iwwerall drëchen.

Um Méinde starte mir mat enger Partie Wollécken an den Dag eran, reene sollt et dobäi awer net. D’Temperature leie bei 12 bis 15 Grad an areechen am Nomëtte Maximalwäerter vu 19 bis 25 Grad. Et gëtt ëmmer manner wolléckeg, d’Sonn kënnt sech also ëmmer méi oft weisen. Um Dënschde wärt d’Sonn scho méi präsent sinn, dobäi zéie just e puer kleng an harmlos Wollécken duerch. Mat 23 bis 27 Grad gëtt et nach e Stéck méi waarm, dat bei engem schwaache Nordwand. Um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wollécken of, d’Temperature klammen op 24 bis 28 Grad. Am spéidere Nomëtte besteet eng kleng Wahrscheinlechkeet vun enger Schauer oder engem Donnerwieder. Falls et wierklech sollt naass ginn, da just op lokaler Basis.

De geneeë Verlaaf fir déi nächst dräi Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.

Lues a lues méi waarm Loftmassen (GFS / wxcharts.com)

Duerno a Richtung 30 Grad?

De momentane Wiedermodeller no sollen eis ab der zweeter Wochenhalschend nach méi waarm Loftmassen areechen, soudass d’Temperature vum Donneschden un op 26 bis 30 Grad klamme kéinten. Nach méi wäit gekuckt deiten d’Berechnunge souguer op eng Méiglechkeet hin, dass et de kommende Weekend souguer zu iwwer 30 Grad komme kéint – dat awer mat engem Risk vu Wiederen.