De Wochenausbléck: Tëscht Schauerwieder & liichtem Héichdrockafloss

Och an dëser Wiederwoch verzitt sech de Reen net ganz, mee zumools an der zweeter Hallschent soll et méi där roueger Phase ginn. D’Temperature klammen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’lescht Woch hate mir op dëser Plaz vun enger Déifdrockstrooss geschwat, déi sech fir dës Woch soll iwwert eisem Kontinent astellen.


D’Grousswiederlag bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Dëst ass och ëmmer nach esou, mee se verleeft e klengen Tick méi wäit westlech. Dëst mécht d’Dier op fir eng zäitweis méi dréchen an och waarm südwestlech Stréimung, déi eventuell esouguer fir summerlech Wäerter kéint suergen. Dozou ginn et awer duerno an engem separaten Artikel méi Informatiounen.

De Verlaf

Haut um Méinde gëtt de Reen am Laf vum Nomëtte no a no manner, eenzel Schauere sinn awer mol nach ënnerwee. D’Sonn kritt och hir Chancen bei 10 bis 13 Grad. Muer um Dënschden zéien ëmmer nach e puer Schaueren duerch, dotëscht weist sech d’Sonn heiansdo. D’Temperature peilen tëscht 10 an 13 Grad un. An der éischter Hallschent vum Mëttwoch reent et viraussiichtlech erëm méi verbreet, duerno gëtt et awer erëm no a no méi dréchen bei 11 bis 14 Grad.

An da wiere mir och schonn an der zweeter Wochenhallschent ukomm. En Donneschde soll et schonn erëm virun allem am Ufank zu méi groussflächegem Reen kommen, duerno géif et dann erëm tendenziell manner ginn inkl. sonneg Momenter. D’Temperature sollen et op tëscht 11 a 15 Grad packen, eenzelne Modeller no kann awer och un de 17 Grad gekrazt ginn.

Vum Freiden un gëtt et dann a Saachen Temperature méi interessant. Tëscht 15 a 17 Grad sollen ustoen, eenzelne Modeller no och e gudden Tick méi. Am Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren. Fir e Samsde gëtt guer kee Reen simuléiert, dat bei 18 bis 23 Grad. E Sonnde kéinten erëm eenzel Schaueren dobäi sinn, dat bei änlechen Temperaturen.

Mee wéi gesot, wat d’Temperaturen ugeet, gi mir an engem separaten Artikel méi genee drop an. Wandtechnesch wäert et an dëser Woch och zäitweis méi lëfteg ginn.